Wie géift Dir wielen, wann e Sonndeg Wale wieren? Dat ass d'"Sonndesfro", déi RTL an d'Lëtzebuerger Wort iwwer d'ILRES stelle loossen.

Bei de Resultater a Prozenter huet sech wéineg gedoen. Wann een dann awer d'Sëtzverdeelung kuckt an de Verglach mat de Walen 2023 mécht, da ginn et awer scho Verännerungen. Eng Dräierkoalitioun, also Blo-Rout-Gréng, wier theoretesch nees méiglech. Déi Gréng hätten nämlech nees Fraktiounsstäerkt, dofir d'ADR net méi.

Mä emol am Detail: D'CSV (29,1%) bleift weider stäerkste Partei, dono kommen DP (21%) an LSAP (17,9%). D'Sozialisten hunn dës Kéier liicht verluer (-2%, -2 Sëtz), wärend d'Demokratesch Partei (+2,1%, +1 Sëtz) liicht bäigewënnt.

Bei der Sëtzverdeelung am Verglach mat de Walen am Oktober 2023 an och mat der leschter Sonndesfro gesäit een awer Verschibungen, erkläert de Charel Bintz vun der ILRES.

"Dat hei sinn allkéiers ganz knapp Situatiounen. Eise Walsystem ass esou opgebaut, dass sech bei liichte Verännerunge schonn e Sëtz vun der enger Partei bei déi aner Partei beweege kann. Dat heescht elo net, dass dat an der nächster Wal onbedéngt genau esou ausgesäit, wéi et elo ausgesäit."

Extrait Charel Bintz

Déi Gréng (10,5%) leeën ee Sëtz bäi am Verglach mat der leschter Sonndesfro am Oktober a souguer dräi am Verglach mat de Walen 2023. Si hätten also nees d’Fraktiounsstäerkt.

D’ADR (9,3%) hätt déi Fraktiounsstäerkt dësem leschte Stëmmungsbild no verluer a kënnt just nach op véier Sëtz.

D’Pirate ware jo bei der leschter Sonndesfro vun 3 op 0 Deputéiert gefall. Elo wier nees ee Pirat am Parlament.

Déi Lénk bleiwe bei hiren zwee Sëtz.

Den zweeten Deel vun der Sonndesfro huet sech mat enger méiglecher Pensiounsreform befaasst.

Den Detail

Bei dësem Sondage, deen tëscht dem 8. a 24. Abrëll gemaach gouf, goufen 1.841 walberechtegt Persounen iwwer Telefon an Online befrot. 1.147 Interviewe goufe via Telefon gemaach, dovunner 394 iwwer fix Nummeren an 758 op Mobilnummeren. 689 Interviewe goufen online gemaach.

Detailer si wéi ëmmer och um Internetsite vun der Autorité luxembourgeoise indépendante de l'audiovisuel Alia.lu