Dat bedauert d'OGBL-Presidentin Nora Back an enger éischter Reaktioun op d'Ried zur Lag vun der Natioun vum Premier Frieden en Dënschdeg an der Chamber.

Nora Back iwwer Ried zur Lag vun der Natioun (1)

Vun Attacken an engem Broch huet d'Nora Back geschwat. Datt de Sozialdialog net roseg wier, war jo och scho virun en Dënschdeg gewosst, ma déi Punkten, déi d'Gewerkschaften en Dënschdeg bei der Ried zur Lag vun der Natioun haaptsächlech am Viséier haten, géifen engem confirméieren, datt een den 28. Juni op d'Strooss muss, sot d'Nora Back. De Luc Frieden hat sech jo och mat engem klore Message un d'Gewerkschafte geriicht a sot: D’Regierung steet fir den Dialog, mee "Dialog heescht net an all Fall Co-Decisioun". Dat wier eng grouss Attack an e Broch vun der Traditioun vun der Tripartite vun de leschte 50 Joer, seet d'Presidentin vum OGBL. Bis ewell hätt een op Aenhéicht zu 3 verhandelt a versicht, Kompromësser ze fannen.

"An et war net just gesot, mir lauschteren een deem aneren no an herno decidéiert d'Regierung eleng. Dat war net de Modell vun der Lëtzebuerger Tripartite a vum Lëtzebuerger Sozialmodell. An offensichtlech kënnegt d'Regierung Frieden dee Modell elo op."

Nora Back iwwer Ried zur Lag vun der Natioun (2)

Punkto Sonndesaarbecht sot de Premier Frieden dann en Dënschdeg: "De Sonndeg wäert net zu engem normale Schaffdag ginn."
 
Ma dat wier eng komplett Ligen, seet dogéint d'Presidentin vum OGBL Nora Back: "Well et ass e fundamentalen Ënnerscheed, ob ee virdrun e Gesetz hat, wat d'Sonndesaarbecht verbitt an eeben Ausnamen zouléisst, wann et iwwer Kollektivverträg ass. An elo e Gesetz, wou d'Sonndesaarbecht einfach generell iwwer d'Gesetz opmécht. Éischtens hëlt een eis domadder d'Méiglechkeet ewech, Kollektivverträg an deem Secteur ze verhandelen an zweetens normaliséiert ee komplett domadder d'Sonndesaarbecht."

De Leit ze soen, se hätten de Choix, "Nee" ze soen, wier dem Nora Back no wäit fort vun de Realitéiten an de Betriber.

Sträit gouf et jo och schonn am Virfeld a puncto Kollektivverträg an och do schéngt no der Ried vun en Dënschdeg kee Konsens mat de Gewerkschaften an Aussiicht.

Nora Back iwwer Ried zur Lag vun der Natioun (3)

D'Nora Back bedauert, datt de Premier déi nämmlecht Aussoen en Dënschdeg gemaach huet wéi den Aarbechtsminister viru 7 Méint. Et hätt een nach ëmmer keng Garantie, datt d'Gewerkschaften d'Exklusivitéit behalen, d'Kollektivverträg ze negociéieren an ze ënnerschreiwen.
 
"Am Fong confirméiert dat alles, wat mer gefaart hunn a géint dat mer eis gewiert hunn. Et ass bedauerlech, datt net méi konkret Léisunge virgeschloe ginn.
 
Am iwwerraschendsten huet d'Nora Back da fonnt, datt de Premier a puncto Renten d'Kaz aus dem Sak gelooss huet. Positiv bewäert d'Presidentin vum OGBL awer net, wat annoncéiert gouf: "Et gesäit jo elo genee esou aus, datt mer all méi laang musse schaffe goen. Den effektive Rentenalter gëtt an d’Luucht gesat an et trëfft virun allem d’Jugend."
 
Fir Leit, déi no un der Aarmutsgrenz sinn, géif just eng weider Sozialhëllef kommen, wat allerdéngs wäit fort wier vun der Logik vun eisem Rentesystem, bedauert d'Nora Back. Am Dossier vun de Pensioune géif een och erëm viru faits accomplis gesat ginn an dat wier einfach inakzeptabel. Alles an allem sot d'Presidentin vum OGBL nach, datt d'Ried vun en Dënschdeg dem Gewerkschaftsbond OGBL-LCGB confirméiert, datt se weider enk zesummeschaffen a sech am Interessi vun de schaffende Leit a Pensionéierte wiere mussen. An dofir och nach emol den Appell vun der grousser Maniff den 28. Juni.
 
E Mëttwoch de Moien um 9 Auer ginn dann och d'Debatten an der Chamber iwwer den Etat de la Nation un, déi de ganzen Dag daueren an déi der live bei eis um Site suivéiere kënnt.