Probleemer bei den Eco-Primme sollen an noer Zukunft geléist ginn
Wien an ëmweltfrëndlech Technologien investéiert huet, muss sech den Ament nach gedëllegen: D'Ausbezuele vun de Primmen, déi 2024 verlängert goufen, kritt fatzeg Retard, well deen néidege gesetzleche Kader nach ëmmer feelt. / © Ronny Hartmann / AFP
Beim Ausbezuele vum Klimabonus "Mobilitéit" fir Dossieren nom Juni 2024 gëtt et den Ament en "temporäre Stopp", well déi gesetzlech Basis nach net do ass.
E Méindeg huet den Ëmweltminister Serge Wilmes de Klimabonus "Mouer a Wiss" virgestallt, mat deem den Erhalt vu Suppe subventionéiert gëtt, an e Freideg steet op sengem Ordre du jour eng Pressekonferenz, déi sech nennt: "Présentation des mesures concrètes issues de la consultation nationale sur l’énergie renouvelable". De Motto dobäi wier, esou steet et an der Invitatioun un d'Medien: "Einfach – séier – erneierbar".
Einfach a séier geet et bei engem anere Klimabonus-Programm den Ament awer net virun ...
Zwou Verlängerungen an ee Changement
Réckbléck: Am Abrëll 2024 an am Juni 2024 gouf de Subside-Programm Klimabonus "Mobilitéit", deen eng Primm fir de Kaf vu Vëloen, Elektroautoen a Co. virgesäit, verlängert.
Bei der Verlängerung vum Abrëll waren d'Méint Abrëll, Mee, Juni dran, bei der zweeter Verlängerung vum Juni waren d'Méint Juli, August, September viséiert. Bis den 30. September 2024 huet de Klimabonus "Mobilitéit" mat den ale Primmen a Conditioune funktionéiert, zanter dem 1. Oktober 2024 gëllen neie Montanten a Reegelen.
Beim Ausbezuele vun de Primmen no der zweeter Verlängerung an och fir déi vum neie Regimm gëtt et awer e Stopp, dat well den Ament nach ëmmer de gesetzleche Kader dofir feelt. An anere Wierder: Am Moment waarden eng ganz Rëtsch Leit op Suen, déi se viru Méint virgestreckt hunn ...
Alles nom 30. Juni 2024 "am Suspens"
Wann een zum Beispill virum 30. September 2024 e Gefier, dat ënnert de Klimabonus fält, kaaft huet (an dëst bis September 2025 immatrikuléiert), huet een theoreetesch eng Primm zegutt: Bis zu 600 Euro fir e Vëlo oder Elektrovëlo a maximal 8.000 Euro fir en 100 Prozent elektreschen Auto, e Familljewon mat op d'mannst siwe Plazen oder eng emissiounsfräi Camionnette sinn an dësem Klimabonus-Programm virgesinn a goufen am Ufank och ouni Problem ausbezuelt. Zanter der zweeter Verlängerung vum Klimabonus am Juni 2024 ass dëst allerdéngs net méi de Fall. Betraff sinn do dernieft och Demanden, déi nom 1. Oktober 2024 gestallt goufen. Deen Ament sinn d'Subside jo erofgaangen.
D'Paiementer vu sämtlechen Dossieren, déi nom 30. Juni agereecht goufen, ginn aktuell "am Suspens" gehalen, well de Règlement grand-ducal nach net un d’Verlängerung respektiv un déi nei Reegelen ugepasst gouf, heescht et op Nofro bei der zoustänneger Ëmweltverwaltung. Bis dëst geschitt ass, muss een also nach op seng Sue waarden.
Betraff ass awer nëmmen en Deel vum Klimabonus "Mobilitéit": all d'Vëloen, d'Elektrovëloen, d'Elektroautoen, d'Elektrocamionnetten an d'Waasserstoffautoen, déi nom 30. Juni 2024 kaaft goufen. D’Primme fir dës Gefierer kënnen am Moment net ausbezuelt ginn, et muss op de Legislateur gewaart ginn.
Virbereede jo, ausbezuelen nee
Wéini genee déi néideg Upassung vum gesetzleche Kader fir d'Bezuele vun den Eco-Primme virgesinn ass, gouf RTL op Nofro net gewuer a läit och an den Hänn vun der Chamber. Ma all Dossier, deen an Tëschenzäit agereecht gouf respektiv gëtt, wäert ewell vun der Ëmweltadministratioun traitéiert ginn, fir dass alles prett ass an esou séier wéi méiglech kann ausbezuelt ginn, esoubal d’Reglement geännert gouf.
Guer net betraff vum "temporäre Stopp" wier de Klimabonus "Wunnen". Dëse géif och den Ament ganz normal, also wéi virun der Verlängerung vum Subside-System, ausbezuelt ginn. Allerdéngs läit d'Waardezäit zum Beispill fir Photovoltaik-Anlagen RTL-Informatiounen no aktuell bei ronn 14 Méint. An Zukunft soll een d'Sue jo net méi musse virstrecken, mee och dat Gesetz ass nach net duerch ...
Keng nei Infoe bei PK um Freideg
Op der Pressekonferenz e Freideg de Moie gouf et weider keng konkret Informatioune, wéini et genau mam Klimabonus "Mobilitéit" viru geet. D'Regierung hätt vun Ufank un dat bestoend Reglement adaptéiert, esou de Serge Wilmes, just beim Iwwerhuelen an d'Gesetz kéim et zanterhier zu Komplikatiounen.
Zweemol wier et scho vu säitens dem Staatsrot zu enger Opposition formelle op deen neie Gesetzestext komm. Et hänkt also just nach un engem Hin an Hier tëschent der Regierung an dem Staatsrot, fir de gesetzleche Kader vum Klimabonus "Mobilitéit" endlech unzepassen, ma den Ëmweltminister ass awer zouversiichtlech, dass dëst a noer Zukunft geschitt.
Ausserdeem huet de Serge Wilmes betount, dass een dru schaffe géing, d'Preautorisatioun fir esou Primmen anzeféieren. Domat géifen d'Leit just nach d'Differenz vun der Gesamtzomm bezuelen a missten net méi alles virstrecken:
"Wat mer awer virun allem wëlle maachen, ass déi Prefinanzéiereung an déi wäert och fir d'Mobilitéit gëllen herno. Dat heescht, et brauch een net méi selwer eng Demande ze maachen. Et bezilt ee just nach d'Differenz an de Subside geet direkt un d'Entreprisen."