De Marc Baum erkennt engersäits Parallellen tëscht Schauspillerei a Politik, anerersäits géifen et awer och ganz wichteg Ënnerscheeder ginn.

Fir de Sonndesinterview vun dëser Woch huet de Marc Baum eis Rendez-vous am Théâtre National du Luxembourg an der Lonkecher Strooss ginn. Mam TNL verbënnt de Schauspiller a Politiker nämlech ganz vill Erfarungen: "...wéi dat Haus hei virun eppes méi wéi 20 Joer opgaangen ass, do war ech an der éischter Virstellung mat dobäi, an duerfir si ganz, ganz vill Erënnerungen hei, déi iergendwéi mäi Beruffsliewen ausmaachen."

Parallellen an Ënnerscheeder tëscht Schauspillerei a Politik

D'Schauspillerei ass dem Marc Baum säi Beruff, dat wat eegenen Aussoen no säi Liewe géing ausmaachen. Ma mëttlerweil ass och d'Politik zu engem Beruff ginn. Tëscht béide Beruffer géif et dann och interessant Parallelle ginn. D'Element vun der Bün wier zum Beispill a béide Beräicher wichteg: "Dat heescht, an der Chamber, op der Tribün, dat ass och eng Zort vu Bün. Et muss een och schwätzen, et muss een eebe kucken, fir esou ze schwätzen, datt déi aner engem och nolauschteren, et muss een och kucken, fir Opmierksamkeet ze kréien. Dat huet et scho mat der Bün, mat der Theaterbün, gemeinsam."

Ma et géif awer ee ganz wichtegen Ënnerscheed. Wärend een am Theater eng Roll spillt, wier een an der Politik ee selwer: "An dat ass awer ganz anescht. Dat heescht, dat ass eng ganz aner Aarbecht. Am Theater oder am Film probéiert een eppes ze entdecken, eng Figur ze entdecken an dat dann ze weisen. An dat muss guer net eppes mat mir selwer ze dinn hunn. An an der Politik ass et eigentlech ëmgekéiert, datt do d'Authentizitéit zielt. Also wierklech ze kucken, wien ee selwer ass, an dat wat een denkt a fir richteg hält, och ze soen."

Vum Partei-Grënner iwwer d'Gemengepolitik zum Deputéierten

Ugefaangen huet dem Marc Baum seng politesch Karriär iwwerdeems mat engem Schratt, deen déi mannste Politiker an hirem Liewe maachen. 1999 zielt de Marc Baum zu de Grënnungsmembere vun "Déi Lénk". Hien hätt et deemools mat 21 Joer interessant fonnt, dass lénks vun der LSAP a vun deene Gréngen eng nei Partei entsteet. Et wier eng Zäit gewiescht, an där et och wierklech eng staark lénk politesch Stëmm gebraucht hätt. Dat hätt hie faszinéiert an dowéinst wier hie bei "déi Lénk" vun Ufank un dobäi gewiescht.

Säin éischt politescht Mandat kritt de Marc Baum am Joer 2008. Hien zitt fir déi Lénk an den Escher Gemengerot an. D'Gemengepolitik géif virun allem ausmaachen, dass se vill méi no bei de Leit wier, wéi déi national Politik: "Et geet ëm vill méi konkreet Saachen, déi déi Leit betrëfft. An dat ass natierlech och immens flott, well een do e vill méi direkten Austausch och mat de Bierger huet. An an der Chamber sinn et éischter esou déi grouss Sujeten, wat natierlech och mega flott ass an interessant, iwwer déi een diskutéiert, iwwer déi ee streit."

De Marc Baum ass dann och iwwerzeegt, dass hien an der Gemengepolitik ganz vill geléiert huet, vun deem hien a sengem Mandat als Deputéierte profitéiert. Wann een an enger grousser Stad ewéi Esch am Gemengerot ass, wier et och e Stéck wäit e fléissenden Iwwergang an déi national Politik: "Esch ass awer déi zweetgréisste Stad. Dat heescht, et huet een dann awer och scho méi grouss politesch Sujeten. Wann een, wann et zum Beispill drëm geet, fir den, wéi gëtt de Waasserpräis berechent? Esou Grondbesoine vun de Leit. Dann ass dat schonn och iergendwou en nationalpolitesche Sujet. Mee et huet ganz konkreet Auswierkungen op d'Leit an denger Gemeng, op deng Noperen."

Caritas-Affär, Pensiounsreform a Logementsproblematik

Een Dossier, mat deem de Marc Baum sech an dëser Legislaturperiod besonnesch staark beschäftegt, ass dee vun der Caritas-Affär. Hei ass hien als Member vun der Spezialkommissioun vun der Chamber dann och mat dru bedeelegt, déi ganz Saach opzeschaffen. Hie kéint sech nach drun erënneren, wat him duerch de Kapp gaangen ass, wéi d'Affär un d'Luucht komm ass: "Also ech ka mech nach ëmmer drun erënneren, wéi ech et fir d'éischt gewuer gi sinn - et war eng Push-Noriicht vun RTL - souz ech um Pitcher (n.d.l.R: De Pitcher ass e Café zu Esch-Uelzecht) op der Terrass, an ech sot: 'dat do ka jo net sinn. Wéi? D'Caritas 60 Millioune geklaut kritt?!'" 

Ma wat no an no méi Detailer vun der Affär un d'Luucht komm sinn, desto méi wier engersäits kloer ginn, wéi de Bedruch ofgelaf ass, ma desto méi ongleeflech wier et op der anerer Säit ginn: "An et ass, et ass absolutt phenomenal, datt esou eppes méiglech ass. An et ass sou déck opgedroen, wat do geschitt ass, datt... et kann ee jo nach déi Bedruchsmasch bis zu engem gewësse Grad funktionéieren, datt een drop erafält. Mee do wat d'Caritas ugeet, do si wierklech all Sécherheetsnetzer gläichzäiteg ausgefall. A wat eben dozou gefouert huet, datt 60 Milliounen, iwwer 60 Millioune geklaut gi sinn. Mee, awer et ass net nëmmen d'Caritas, mee och d'Sécherheetsnetzer bei de Banken hu komplett versot. Et ass wierklech eng Geschicht, wou ech mengen, wann een déi Netflix géif verkafen, da géife se soen, et wier awer, et wier e bëssen déck opgedroen."

E anere politeschen Dossier, deen den Ament d'Aktualitéit bestëmmt, ass dee vun der Pensiounsreform. Hei huet de Premierminister Luc Frieden am Etat de la Nation eng éischte Kéier erkenne gelooss, dass d'Pist, op déi d'Regierung do wëll goen, déi vun enger Verlängerung vun der effektiver Aarbechtszäit ass. Eng Iddie mat där déi Lénk sech als Partei jo net averstanen erkläert hunn. Si wéilten do op de Wee vun enger Hausse vun de Cotisatioune goen. Ausserdeem sollt de Plaffong op de Bäiträg kuerzfristeg ofgeschaaft ginn. Donieft huet d'Partei dem Luc Frieden an dëser Saach och en autoritäre Regierungsstil reprochéiert. Dëse géif sech duerch déi ganz Regierungsaarbecht zéien, ma bei de Pensioune wier e besonnesch evident ginn: "Dat heescht, virun engem Joer ass gesot ginn: 'mir mussen onbedéngt eppes änneren, fir de System méi fiabel ze maachen, a mer wëllen dat mat de Leit zesumme maachen, an Diskussiounen a Consultatiounen.' Do sinn onheemlech ustrengend Prozesser entstanen, Consultatiounsprozesser, Internetsitte si gegrënnt ginn, Dausende vu Leit hunn hire Pefferkär bäiginn, an et si verschidde grouss Pisten erauskomm, et sinn Ëmfroe gemaach ginn, wat d' Leit éischter gären hätten a wat se net gären hätten. An d'Regierung decidéiert dann no engem Joer Consultatioun awer net genee dat ze maachen, wat am mannste bréngt awer wat d'Leit iwwerhaapt net wëllen, an dat ass wierklech d'Leit fir domm gehalen, an dat ass deen autoritären Stil, deen ech mengen, dee bei der Pensiounsdebatt wierklech evident ginn ass a wou ee sech seet: 'mee wa se souwisou wëlles haten ze maachen, wéi se vun Ufank u geduecht hunn, dann hätte se och net bräichten dee ganze Prozess do unzefänken.'"

Och am Dossier vum Logement hätt d'Politik vun der Regierung net zu enger Léisung vum Probleem bäigedroen. D'Präisser um Logementsmarché wieren an de leschten zwee Joer zwar effektiv gefall, ma gläichzäiteg wieren d'Zënsen an d'Luucht gaangen, sou dass d'Leit nawell kee Prêt kritt hätten, fir eppes ze kafen. Den Ament géifen dann d'Zënsen erëm falen, wat dann erëm zu enger Hausse vun de Präisser géing féieren. Iwwerdeems misst een am A behalen, dass d'Loyeren déi ganz Zäit iwwer nawell geklomme wieren. D'Logementspolitik vun der Regierung hätt virun allem de Promoteure gehollef: "Dat heescht, déi Logementskris, déi mer haten, déi hu mer, an ech menge souguer, datt se ëmmer, ëmmer méi krass gëtt oder amgaangen ass, ze ginn, an datt virun allem Jonker sech immens schwéier dinn, fir iergendeppes, iergendeppes ze fannen. Dat, wat dës Regierung gemaach huet, ass virun allem probéiert, d'Marge fir d'Promoteuren erëm hierzestellen, amplaz datt wierklech gebaut gëtt." 

Iwwerdeems dierft een och net vergiessen, datt aktuell am Bausecteur nach ëmmer ronn 3.000 Leit manner schaffe wéi virun der Kris. Dat géif bedeiten, dass aktuell nach ëmmer ze wéineg géing gebaut ginn. Deementspriechend misst een dovun ausgoen, dass d'Präisser an den nächste Méint ëmmer weider wäerte klammen.

Kris vun der politescher Gauche an Hoffnung fir d'Zukunft

Pensiounsdebatt a Logementsproblematik bestëmmen d'Aktualitéit, dozou kommen ënner anerem eng Hausse vun der Altersaarmut a vum Aarmutsrisiko zu Lëtzebuerg. An der ganzer EU si bal 95 Millioune Leit vum Risiko betraff, an d'Aarmut ze rutschen. Sujeten, déi am politeschen Discours klassescherweis vu lénke Parteie besat ginn. Ma d'politesch Realitéit ass bestëmmt vun engem ëmmer méi staarken Opkomme vu rietsen, rietspopulisteschen a rietsextreeme Parteien. Et stellt sech d'Fro, ob déi politesch Gauche an enger Kris ass.

Fir de Marc Baum gëtt et dës Kris a se hätt virun allem domat ze dinn, dass Parteien, déi ganz laang lénks waren, hir Plaz am politesche Spektrum verlooss hunn: "Ech mengen, datt et eng Kris gëtt vun der politescher Gauche, déi och ganz staark, mengen ech, domadder ze dinn huet, datt an den 80er, 90er, 2000er Joren, dem Héichpunkt vum Neoliberalismus, och Parteien, déi éischter der Gauche zouzerechne sinn, Sozialdemokraten awer och verstäerkt Grénger, ëmmer méi an d'Mëtt geréckelt sinn an do en, net nëmmen de ganzen Discours verschoben huet, also méi an d'Mëtt, mee domadder ass de ganze Spektrum, iergendwéi méi no riets geréckelt. An ech mengen, datt et eis Aufgab ass, dat erëm ze änneren. An et kritt een et just geännert, wann ee Politik net nëmmen als eppes Representatives gesäit, mee eppes gesäit, wat een zesumme mat de Leit maache muss."

Et géing dobäi net drëms goen, populistesch ze sinn, mä d'Probleemer kloer ze benennen. Ee Beispill wier hei de Logement. Do géifen et nëmme Verléierer, wéi zum Beispill déi Jonk an d'Locataire ginn, mä och Gewënner; notamment déi kleng Minoritéit vu Leit, deenen de Gros vum Terrain am Land gehéiert. Et wier kee Populismus, wann een da kloer géif soen, datt e Grapp voll Leit vun der Logementskris profitéiert, an datt een deene misst eppes ewechhuelen, fir d'Kris ze bekämpfen.

Eppes wat dem Marc Baum Hoffnung fir d'Zukunft mécht, wier dann, datt ee mierke géif, datt de Widderstand géint d'Opkomme vun der extreemer Rietser ëmmer méi staark géing ginn an datt ganz vill Leit, besonnesch Jonker, net mat der aktueller Entwécklung averstane wieren. Hie géing mierken, datt d'Saachen, déi hie politesch seet a mécht, ëmmer méi Uklang géinge fannen, datt d'Leit géingen nolauschteren an datt ee wierklech an d'Gespréich mat hinne géing kommen.