An Zukunft kéint ee bis zu 5 Joer méi laang schaffe goen
An senger Reaktioun op d'Debatten zu der Lag vun der Natioun huet de Premier confirméiert, datt d'Pensiounsreform och fir den ëffentleche Secteur gëllt.
An Zukunft gi 40 Cotisatiounsjoren net méi duer, fir eng komplett Pensioun ze kréien. Dat hat de Premier an der Ried zur Lag vun der Natioun ugerass an hat dunn um Enn vun den Debatten e Mëttwoch an der Chamber éischt Prezisioune ginn, wéi déi geplangte Pensiounsreform wäert ausgesinn.
Reform gëllt och fir ëffentleche Secteur
Déi geplangte Pensiounsreform wäert och fir den ëffentleche Secteur gëllen. Dat sot de Premier Luc Frieden e Mëttwoch an der Chamber um Enn vun den Debatten iwwer d’Ried zur Lag vun der Natioun.
Déi zwee Pensiounsregimmer - ëffentlech a privat - wären nämlech 1999 mat enger laanger Iwwergangsperiod uneneen ugepasst ginn. Déi aktuell Pensionären oder déi, déi geschwënn an d’Pensioun ginn, sinn net vun den Ännerunge betraff. Dat huet de Premier nees widderholl.
40 Jore kotiséiere ginn net méi duer
D'Zil vun der Regierung wier et de reellen Antrëttsalter graduell méi no un de gesetzleche Pensiounsalter vu 65 Joer erunzeféieren. An Etappen wéi gesot. D’Leit sollen all Joer dräi Méint méi laang schaffen. An dat deemno wéi vun 2030 un. An der Hoffnung de Pensiounssystem fir 15 Joer ofzesécheren. De Luc Frieden huet e Mëttwoch Prezisioune ginn.
"Mir hu gesot, datt mer pro Joer dräi Méint iwwert eng gewëssen Zäit an der Durée de carrière bäisetzen. Wat heescht dat konkret? Loosse mer emol soen, dësen neien Dispositiv, wann d'Gesetz da bis gestëmmt ass, géif 2030 ulafen. Da kann een 2030 mat 57 Joer a Pensioun goen, wann ee 40 Joer plus dräi Méint cotiséiert huet oder mat 60 Joer, wann ee 40 Joer plus dräi Méint cotiséiert huet. Natierlech am Respekt voll a ganz vun de Baby- an de Studiejoren, well mer déi jo net änneren."
De Premier huet weider virgerechent, datt déi, déi elo 45 Joer hunn, zwee an en halleft bis 3 Joer méi laang schaffe wäerten. Well ee méi laang lieft - d’Liewenserwaardung ass an de leschte 50 Joer ëm méi wéi 10 Joer an d’Luucht gaangen - géif et net heeschen, datt ee proportionell méi laang schafft, huet de Luc Frieden ënnerstrach.
Bis wéi vill Joer kann dat da maximal goen, gouf de Luc Frieden gefrot.
"Dat hänkt jo ganz vun der Situatioun of vun der eenzeler Persoun. Duerfir hunn ech och hei mäi Beispill ginn. Je nodeem wéini een ugefaangen huet. Mä dat kann, géing ech soen, maximal awer fir déi, déi ganz réischt ufänken, mä dat muss een nach eng Kéier ausrechnen, kann dat maximal bis zu 5 Joer féieren".
D’Regierung hätt net wéi vill aner Länner decidéiert, fir de legale Pensiounsalter vu 65 an d’Luucht ze setzen an un de Baby- a Studiejore géif een och näischt änneren.