Déi véier Projeten, déi d'Gesiicht vum Kierchbierg verännere wäerten

Vue op de Plateau Kierchbierg am Abrëll 2025 / © Domingos Oliveira/ RTL
De Kierchbierg wäert sech an den nächste Jore mat enger Rei grousse Projete weider veränneren. Kiem 2050, Kuebebierg, JFK Sud an Tram - Hei en Iwwerbléck.
Wie virun 20 Joer um Kierchbierg gewunnt huet, huet forcement aner Erënnerungen un de Quartier, an deem et net ongewéinlech war, grouss Felder matte beim Bësch ze gesinn. Wéinst dem Bevëlkerungs- (a Wirtschafts-)wuesstem hunn d'Naturflächen no an no misse Plaz fir Wunnprojeten a Bürosgebaier misse maachen.
Zanterhier kënnt ee grouss Projet nom aneren, dorënner virun allem d'Arrivée vum Tram um Boulevard John F. Kennedy a viru Kuerzem den Ufank vun den Aarbechte fir d'Extensioun vum Tram um Boulevard Konrad Adenauer. Dëst ass ee vun de grousse Projeten, déi d'Gesiicht vum Quartier verännere wäert, well en d'europäesch Institutiounen, d'europäesch Schoul an de Quartier Kuebebierg bedénge wäert.

Den Tram wäert d'europäesch Institutiounen, d'europäesch Schoul an de Quartier Kuebebierg bedéngen. / © Luxtram
An de leschten zwee Deeg goufen zwee weider grouss Chantieren op zwou strategesche Plaze lancéiert: "Kiem 2050" an "JFK Sud Zone A". Den éischten um Boulevard Pierre Friden, den zweeten tëscht der Avenue John F. Kennedy an der Rue du Fort Thüringen. Zesumme sollen hei 380 nei Wunnengen entstoen.
Mam Kuebebierg soll e richtegt "Duerf" um "ieweschten" Deel vum Kierchbierg entstoen. Iwwer 3.000 Wunnenge solle gebaut ginn, souwéi zwee grouss Parkingen, Butteker, Restauranten, e Park, en urbane Bauerenhaff an eng natierlech Schwämm. E Projet, deem säin Zäitplang nach net richteg bekannt ass. Leschten Informatiounen no soll de Kuebebierg schonn 2030 seng éischt Awunner begréissen.
Wat d'Projeten "JFK Sud Zone A" a "Kiem 2050" ugeet, sollen dës 2027 ufänken an 2028 weidergoen. Am éischte Fall wäerten déi éischt Wunnengen 2027 gebaut ginn. Fir "Kiem 2050" ass den Termäin den éischten Trimester 2028.
All dräi Projete wäerten en direkten Accès zu Tram mat speziell fir Foussgänger a Vëlosfuerer konzipéiert Infrastrukturen hunn. Allerdéngs huet Luxtram nach keen Zäitplang fir déi zweet Bauphas vun der "Kierchbierg 2A"-Extensioun bekannt ginn.
Méi Detailer zu de Projeten um Kierchbierg kënnt Dir am Artikel vun eise Kolleege vun RTL Infos noliesen.