D'Regierung wëll den Terrain vu Liberty Steel zeréckkafen
D'Regierung wëll déi 16 Hektar Terrain vu Liberty Steel an der Industriezon Wolser B tëscht Beetebuerg an Diddeleng kafen.
Liberty Steel ass definitiv Geschicht. Am November huet d’Handelsgeriicht d’Faillite gesprach, am Mee ass e realistesche Repreneur, den tierkesche Grupp Tosyali ofgesprongen, a fir déi ronn 120 Leit, déi nach ënner Kontrakt bei Liberty Steel waren, gouf schonn en Jobdag vun der Adem, der Fedil an de Gewerkschaften organiséiert. Bal all déi concernéiert Salariéen an 28 Betriber hätten drun Deel geholl.
Elo wëll d’Regierung den Terrain nees zeréckkafen. Déi 16 Hektar um Industriesite Wolser B, tëscht Beetebuerg an Diddeleng, wier dee gréissten Terrain, deen hei am Land aktuell kéint fir d'Industrie benotzt ginn an deen doriwwer eraus mat Zuch an Autobunn optimal connectéiert ass, erkläert de Wirtschaftsminister Lex Delles am RTL-Interview.
De Ball läit elo Mol beim Curateur, dee decidéiere muss ob d’Offer vun der Regierung besser ass ewéi zwou aner Offeren, déi allerdéngs schonn zanter Méint um Dësch leien an net ganz interessant wieren.
Géing d’Offer vun der Regierung zeréckbehale ginn, brauch et awer nach Zäit bis nees Aktivitéit um Site vu Liberty Steel ass. D’Hale musse fort, de Buedem muss nees stabiliséiert ginn an de Site muss sanéiert ginn, sou de Lex Delles. Dem Wirtschaftsminister no misst ee sech do schonn ee bis zwee Joer ginn. Hien huet betount, datt d’Regierung och wëlles huet Industrieterrainen méi dicht ze benotzen, esou datt och nach Gespréicher mat de Gemengen Diddeleng a Beetebuerg ustinn. Mat hinne géing och iwwert d’Installatioun vu Wandanlage geschwat ginn.
Wat als nächst?
Wat soll dohinner kommen? "Mir wëllen natierlech Aarbechtsplaze schafen, déi qualitativ héichwäerteg a sécher sinn", esou de Lex Delles. D’Zil wier et méi Aarbechtsplazen dohinner ze kréien ewéi virdru. Wann de Site bis prett wier, géing een och en Deel reservéieren fir de Secteur vun der Defense.
De Jean-Luc de Matteis vum OGBL, mengt déi éischt Iwwerleeung misst sinn: "wat fir eng Pläng hu mir laangfristeg fir d’Industrie hei am Land?" A sengen Ae misst een esouwuel op héichqualifizéiert Aarbechtsplaze setzen, mee net nëmmen, well ee soss "näischt fir den Emploi" gemaach hätt.
Op dat schwieregt wirtschaftlecht Ëmfeld fir d’Industrie ugeschwat, ass hie virsiichteg, mee och optimistesch. Engersäits géing et konjunkturell Phase ginn, déi sech zum Besseren ännere kéinten. Anerersäits géing et Mesurë ginn, fir esou Situatioune ofzefiederen an Aarbechtsplazen ofzesécheren. Dem OGBL-Mann no, wier et och falsch, nëmmen d’Léin als Kompetitivitéitsfacteur ze gesinn. De soziale Fridden, d’Infrastruktur an den Invest wiere Schlëssel fir den Erfolleg.
"Mir mussen aus de Feeler léieren", esou de Jean-Luc de Matteis weider. Fir de Gewerkschaftler misst alles gemaach ginn fir esou "dramatesch" Situatiounen ewéi déi vu Liberty Steel ze verhënneren. Deen "Epilog" hätt an dräi Phase verschidde Problemer gewisen. Éischtens beim Transfert oder Versuch d’Fabrick ze verkafen, zweetens d’Gestioun duerch den Aktionär an drëttens d’Phas no der Faillite.
Eng deels inaktiv Aktivitéitszon
Um Industriesite "Wolser B" sinn d’Luuchte net just bei Liberty Steel aus. Beim Noper Guardian - Luxguard 2, ass d’Fabrick och scho puer Joer gestoppt an den Terrain nees a staatlecher Hand. Aktivitéite besuerge Lamesch, e japanesche Produzent vu Medikamenter an déi kleng Lëtzebuerger Stoolfirma MCM Steel.
Op engem Deel vum Stéck, wou Mol eng Jugurttsfabick vum griichesche Fagé sollt entstoen, baut antëscht Vodafone e Lokal.
Gouf et Mol e Manktem un Terrainen fir d'Industrie, esou ass nees e bësse méi Reserve do. Virausgesat se gëtt nei amenagéiert a virausgesat, et ginn Interessenten.