Déi iwwer 500 Salariéë sollen och alleguer hiren aktuelle Statut behalen.

Wäert d'Reorganisatioun beim interkommunale Transportsyndikat TICE dozou féieren, dass Salariéen hir Aarbechtsplaze verléieren? Dat wollt den Nach-Buergermeeschter vu Schëffleng, Paul Weimerskirch, en Dënschdeg als Invité vun der Redaktioun um Radio op d'mannst net ausschléissen:

"Mir hoffen, datt mer domadder, déi Aarbechtsplazen, déi do sinn, kënnen erhalen."

Journalistin Anne Wolff: "Dat wier lo d'Fro gewiescht, wësst Der, ob lo Leit musse goen, Stéchwuert Verschlankung, oder ass dat nach an de Wolleken?"

Paul Weimerskirch: "Et sinn nach net all d'Froe beäntwert."

No där Ausso hu se beim TICE nawell grouss gekuckt. Vläicht wier de Paul Weimerskirch net ganz am Bild, well net hien, mee de Carlo Feiereisen Schëffleng am TICE vertrueden huet. D'Ëmwandlung vum TICE an ee Syndicat mixte hätt definitiv keen negativen Impakt op d'Salariéen, esou de President vum TICE, Marco Lux.

"Wou de Ministère mat 700 Milliounen eraklëmmt iwwert déi nächst 10 Joer an déi 9 Gemenge mat 150 Milliounen Euro eraklammen an am Konventiounstext steet ganz kloer dran, datt de Statut vu jidderengem, deen hei beim TICE schafft, erhale bleift an datt och ni zur Diskussioun stoung, datt iergendee seng Plaz hei soll verléieren."

Et wieren zwar nach net all déi néideg Votte geholl, mee dat wier awer just nach eng Formalitéit.

"Déi 9 Gemengen hunn eng Deliberatioun geholl, wou se sech bereet erklären, an dee Syndicat mixte eranzegoen, do gëtt et och näischt méi drun ze réckelen. Dat eenzegt, wat lo nach muss geschéien, dat ass lo Enn September oder Ufank Oktober wäert an deenen 9 Gemengeréit doriwwer debattéiert ginn an do soll dee Projet dann och ofgestëmmt ginn. A wann dat duerch ass, da kann de Ministère hannendru schaffen."

Aktuell schaffe méi wéi 500 Leit fir den TICE, déi meescht him hinnen hunn de Statut vum Fonctionnaire, déi aner dee vum Employé. Datt den TICE iwwerhaapt ëmstrukturéiert gëtt, läit dorunner, datt d'Busflott mat hiren 140 Gefierer komplett op elektresch ëmgestallt gëtt. Dat wier virun allem fir déi grouss Gemenge finanziell net ze droe gewiescht, well hiren Apport sech verduebelt oder esouguer verdräifacht hätt. Nieft dem Ëmklammen op d'Elektromobilitéit soll sech och bei der Passagéierzuel eppes doen an déi sech op 73.000 verduebelen.

Wat d'Stëmmung beim TICE ugeet, sou wier déi de Moment ugespaant, dat an éischter Linn, well esouwuel am Betrib wéi och an der Ëffentlechkeet eng Partie falsch Informatioune ronderëm géinge goen.