Gouvernance-Problemer bei ProActifAarbechtsminister Mischo léisst Virwërf net gëllen, hie wier inaktiv bliwwen

RTL Lëtzebuerg
Den interne Sträit an d'Gouvernance-Problemer bei der Beschäftegungsinitiativ ProActif kommen zënter Februar reegelméisseg an d'Schlagzeilen.
Aarbechtsminister Mischo léisst Virwërf net gëllen, hie wier inaktiv bliwwen
Den interne Sträit an d’Gouvernance-Problemer bei der Beschäftegungsinitiative ProActif kommen zënter Februar reegelméisseg an d’Schlagzeilen.

Op Demande vun de Piraten, der LSAP, de Gréngen an déi Lénk war den Aarbechtsminister Georges Mischo e Méindeg an der zoustänneger Chamberkommissioun fir ze präziséieren, wéi hien dee komplizéierten a kriddelegen Dossier ProActif bis elo geréiert huet.

Aarbechtsminister léisst Virwërf zu ProActif net gëllen / Rep. Jean-Marc Sturm

De Georges Mischo huet de Reproche net gëlle gelooss, dass hien inaktiv bliwwe wier. Hien hätt déi zwou Klacken héieren.
Den Aarbechtsminister wëll sech net an d’Gouvernance amëschen, ma hie wëll awer, dass de Vertrieder vum Staat an Zukunft am Conseil bei ProActif ee Suppleant kritt, awer weider ouni Stëmmrecht. Et misst an der Gestioun bei der Autonomie bleiwen.

En “Droit de regard” géif net duergoen, soe se bei der Oppositioun. De Staat misst méi Matsproocherecht an ASBL’en oder soss Strukture kréien, déi a Milliounenhéicht vum Staat matfinanzéiert ginn.

Queesch duerch de Gaart seet ee sech frou driwwer, dass déi ganz Affär keng negativ Konsequenze fir déi Honnerte Leit huet, déi bei oder via ProActif schaffen an dass et am Fall ProActif keng Beräicherung gouf.

RTL-News (15.04.2024): ProActif - änlechen Zodi wéi bei der CMCM?
RTL-News (16.04.2024): Dossier Proactif - Erklärungen ënner Eed belaaschte fréieren Direkter staark
RTL-News (12.07.2024): De François Georges ass net méi am Verwaltungsrot vu Proactif

Back to Top
CIM LOGO