Lëtzebuergesch-dänesch Kooperatioun bei erneierbaren EnergienAccord trotz Verzögerunge bei "energeeteschen Inselen" net a Gefor

Pierre Weimerskirch
Lëtzebuerg kooperéiert bei den erneierbaren Energië mat Dänemark a finanzéiert an deem Kontext de Bau vun "energeeteschen Inselen" an der Nordséi.
© DANIEL REINHARDT dpa Picture-Alliance via AFP

D’Chamber hat am Februar en Traité tëscht Lëtzebuerg an Dänemark ratifizéiert. An dësem ass festgehalen, dass béid Länner beim sougenannte statisteschen Transfert vun Energie aus erneierbare Quellen zesummeschaffen.

Lëtzebuerg investéiert an den Ausbau vun erneierbarer Energie an der Nordséi

Konkret bedeit dat, dass Lëtzebuerg fir den Zäitraum 2021-2025 pro Joer tëscht 33,12 a 66,24 Milliounen Euro un Dänemark iwwerweist. Dës Sue ginn dann an Dänemark an den Ausbau vu Projeten am Beräich vun den erneierbaren Energien investéiert.

Am Géigenzuch ka Lëtzebuerg sech en Deel vun der erneierbarer Energie, déi an Dänemark produzéiert gëtt, fir seng eegen national Ziler beim Ausbau vun den erneierbaren Energien urechne loossen. Vum Energieministère hat et an dësem Zesummenhang geheescht, dass den Traité et Lëtzebuerg erlabe géif, den Ausbau vun den erneierbaren Energien an der Nordséi ze ënnerstëtzen an doduerch d’Ziler beim Ausbau vun den Erneierbaren, zu deenen d’Memberlänner, sech op EU-Niveau verflicht hunn, ze erreechen.

Accord trotz Retard bei “energeeteschen Inselen” net a Fro gestallt

En Deel vun de Lëtzebuerger Sue sollt dobäi an de Bau vu sougenannten “energeeteschen Inselen” virun der dänescher Küst fléissen. Mat Hëllef vun dëse soll de Stroum vun e puer Off-Shore-Wandparke gebündelt an direkt u verschidde Länner, déi un der Nordséi leien, geleet ginn.
Ma dëse Projete vun den energeeteschen Inselen wäert sech elo verzögeren. Den Accord tëscht Dänemark a Lëtzebuerg wier doduerch awer net a Fro gestallt, sou den Energieministère op Nofro hin géigeniwwer RTL.

De Ministère verweist a senger Äntwert op en offiziellt Schreiwes vun däneschen Eneregieministère. An dësem heescht et, dass de Projet vun den Inselen, wéi en den Ament geplangt ass, net profitabel wier. Et wéilt een dowéinst analyséieren, wéi een d’Iddi op eng méi gënschteg Manéier ëmsetze kéint. Déi ëffentlech Ausschreiwung vum Projet géing sech dowéinst ëm e puer Méint verzögeren. D’Analyse soll spéitstens Enn des Joers ofgeschloss sinn.

Dänemark wéilt awer um Projet vun den “energeeteschen Inselen” an um massiven Ausbau vun de Wandanlagen an der Nordséi festhalen. Dat hätt de Lëtzebuerger Energieminister Claude Turmes en Donneschdeg de Moien an engem Gespréich mat sengem däneschen Homolog confirméiert kritt.

Weiderhin heescht et am dänesche Communiqué, dass eng Verzögerung vun e puer Méint bei der Ëmsetzung vum Projet näischt dorun ännere géif, dass Dänemark an den nächste Jore grouss Quantitéiten un erneierbarem Stroum wäert hunn. Fir Lëtzebuerg géif dat bedeiten, dass de statisteschen Transfert vun den erneierbaren Energien, wéi en am Accord mat Dänemark festgehalen ass, garantéiert wier, sou den Energieministère.

An dësem Zesummenhang verweist den Energieministère dann och op de Fait, dass am Accord mat Dänemark festgehalen ass, dass d’Suen aus Lëtzebuerg, déi net an de Projet vun den “energeeteschen Inselen” fléissen an den Ausbau vun anere Projeten am Beräich vun den Erneierbaren investéiert ginn.

Schliisslech heescht et vum Ministère, dass et wichteg wier, dass Lëtzebuerg sech beim Ausbau vun den erneierbaren Energien u gréisseren europäesche Projete bedeelegt. An dësem Zesummenhang hätt een engersäits e Memorandum of Understanding iwwer d’Produktioun vu gréngem Waasserstoff mat Portugal ënnerschriwwen. Anerersäits géif een an de Bau vun engem grousse Wandpark virun der estnescher Küst ënnerstëtzen. An deem Zesummenhang géif een Däitschland an Estland och beim Bau vun enger Offshore-Leitung ënnerstëtzen, mat där de Stroum aus dem estnesche Wandpark an den däitsch-lëtzebuergesche Stroummarché kéint agespeist ginn.

Dänemark als Virreider: Waasserstoff aus erneierbaren Energien soll et och zu Lëtzebuerg méi ginn

Back to Top
CIM LOGO