Si fäerte carrement ëm hir Gesondheet, d’Awunner vun Amber, an hu sech dofir virun 2 Joer an enger Biergerinitiativ zesummegedoen – net géint déi nei Héichspannungsleitung allgemeng, mee géint eng vun de Varianten, déi duerch, respektiv hannert Amber, erlaanscht kéint fueren, D’Lënster Gemeng ass, grad wéi déi vu Luerenzweiler direkt duerch d'380 KV Leitung betraff an alle béid hu se de Kontakt mat Creos an den zoustännege Ministèrë gesicht. Zënter e Méindeg kënnen d’Awunner sech an der respektiver Märei e Rendezvous froen, fir méi iwwer d’Moderniséierung vun der Strouminfrastruktur gewuer ze ginn.
Jo, se ass schonn en Thema an de Gemengen, déi impressionnant Héichspannungsleitung, iwwer där hir Utilité publique keen diskutéiert, mee déi d’Landschaftsbild zolidd wäert änneren. Engersäits ginn d’Pottoen e Stéck méi héich a breet, mee anerersäits kommen awer existent Leitungen ewech, wat een och net dierft vergiessen, seet de Lënster Buergermeeschter Ben Ries. Fir hien ass eng Variant déi bescht an zwar déi vu Lënster a Richtung Amber, ouni awer op Amber ze goen, mee op eemol lenks erop, op Biergerbierg.
“Mir hunn op onsem Internetsite dat alles zur Verfügung gestallt an och bei Aktualitéit nach eng Kéier ergänzt, och mat deenen Avisen, déi vum Gemengerot gestëmmt gi sinn, soudass d’Informatiounen eigentlech do sinn. An den Usproch ass och do, well mir hu relativ vill Telefonen a vill Rendezvouse fir den Dossier kënnen ze consultéieren hei bei ons an de Büroen. Dat eenzegt, wat mir elo e bësse kritiséiert hunn oder gefrot haten, dat war fir eeben elo, an dëser Phas vun deenen 30 Deeg, och Informatiounsversammlunge kënnen ze kréien. Ech mengen, aner Gemengen hunn dat och gemaach, fir op déi spezifesch Problemer an de Gemengen nach eng Kéier drop anzegoen a fir d’Leit da vläicht nach eng Kéier adequat ze informéieren. Bon, dat ass elo net gemaach ginn. Dat musse se awer och net maachen.”
Och Luerenzweiler huet seng Präferenz, a wäert sengen Awunner dat och explizéieren.
“Buerglënster-Ost, well déi fir Aasselscheier a Kléngelscheier déi besser Variant ass. Déi aner kënnt fir eis ganz sécher net a Fro. Wéi eng lo d’Creos zréckbehält, kann ech Iech net soen, ech hunn och do nach näischt vun hinne gesot kritt, dat hale si fir sech an dat gëtt jo réischt, wéi si soen, lo decidéiert. Wann een den Dossier wëll kucken, wann een eebe villäicht net sou an der Matière dran ass an et huet ee Froen, da steet eisen Techniker an ech do zur Verfügung.” esou d’Marguy Kirsch-Hirtt, Buergermeeschtesch vu Luerenzweiler.
Déi vun Amber brauchen u sech näischt méi ze liesen, well se schonn zimmlech alles duerchgeknat hunn. Allerdéngs bleiwe vill vun hire Froe bis haut net beäntwert:
“Mir waren dräimol beim Ëmweltministère, zweemol beim Energieministère, mir waren eng Kéier bei der Santé, mir ware véiermol bei der Creos. Si hunn eis verstanen, et ass nogelauschtert ginn. Mee wa mer elo kucken, wat elo do op der Internetsäit verëffentlecht ass, da si mer natierlech doriwwer e bësse schockéiert, well dat mécht d’Leit komplett duercherneen. Bal alles, huet een d’Gefill, ass reglementéiert hei am Land an dat doten, wou et wierklech ëm d’Gesondheet vum Mënsch geet, sinn ech der Meenung, dat misst och reglementéiert ginn. Ënnert de Ministeren elo rezent, ass e Pabeier erausgeschafft ginn, deen net schlecht ass. Ech mengen, dat kéint een als Grondlag huelen, fir dat och emol an d’Gesetz ze verankeren.” , sou de Claude Berg vun der Biergerinitiativ vun Amber bei eis op der Antenn en Dënschdegmoien.
D’Consultation publique wärend där d’Dossieren op der Gemeng leien, geet bis den 3. Juli.
Liest hei weider Detailer zum Projet vun der Creos.
Nei 380 KV Leitung: Geplangte Moderniséierung vu Strouminfrastruktur gëtt ënner d’Lupp geholl
Invité vun der Redaktioun (4. Juni) Claude Berg: Et brauch eng Héichspannungsleitung, mä et ginn alternativ Tracéen