
De Finanzminister Gilles Roth confirméiert e Méindeg a senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Koalitiounspartner DP, wat hie virun engem Mount als éischt hei op RTL ugekënnegt an du bei der Presentatioun vum Budgetsprojet fir dëst Joer widderholl huet.
Datt d’Personal beim Staat manner géing wuessen, dat wier och dorobber zeréckzeféieren, datt de Staat net ëmmer d’Leit fënnt, déi ee sicht. Ronn 1.800 Poste waren d’lescht Joer net besat.
Déi meeschten Neiastellunge si bei der Police an an der Educatioun virgesinn.
Wat d’Fonctionementskäschten uginn, sou sinn dës tëscht 2019 an zejoert an der Moyenne ëm en Zéngtel d’Joer an d’Luucht gaangen. Fir dëst Joer gëtt mat enger Progressioun vu knapp 8% gerechent.