Ëffentlech Ausgabe mussen "optimiséiert" ginn
En Donneschdeg de Moie war de Logementsdësch Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
De budgetären Defizit beim Zentralstaat misst dëst Joer scho reduzéiert ginn. D'Depensen dierfen net méi weider méi séier wuessen ewéi d'Recetten an dëst Joer scho missten "verschidde Spuermesuren" ëmgesat ginn. Esou huet de Finanzminister Gilles Roth den Donneschdeg de Moien hei op RTL de Budgetsprojet fir dëst Joer beschriwwen, deen hien de 6. Mäerz an der Chamber presentéiert.
De Gilles Roth huet awer och betount, datt d'Kafkraaft vun de Leit misst gestäerkt ginn – wat scho geschitt wier mat der deels Upassung vum Barème un d'Inflatioun a Mesuren am Logement. Hien huet verséchert awer, datt d'Investitioune géingen héichgehale ginn an d'Militärausgaben ënnert anerem an d'Luucht ginn.
2025 wier dann "ugeduecht", fir d'Betribssteieren erofzesetzen. Dat wiere keng Steierausfäll fir d'Land, sou de Finanzminister, dee sech duerch méi Attraktivitéit vun de Betriber déi Recetten erwaart, mat deenen de Sozialstaat kéint finanzéiert ginn. "A ce stade" wiere keng Steierhaussë fir d'Leit virgesinn, mee hien hätt keng Glaskugel, fir d'Geopolitik virauszesoen.
Méi Ausgaben also, keng Steiererhéijungen, mee gläichzäiteg de budgetären Defizit kierzen, wéi geet dat? De Gilles Roth huet geäntwert: "Mir mussen déi Suen, déi dem Staat zur Verfügung stinn, optimiséieren". Fir ze spueren, huet de Finanzminister ënnert anerem d'Digitaliséierung vu verschiddenen Ofleef an de Verwaltunge genannt. De Staat géing net méi Leit "astellen, fir anzestellen", mee do, wou se néideg sinn. Spuerpotential gesäit hien dann och bei de Gebaier, déi de Staat keeft a lount. Hien huet seng Ausso widderholl, datt "net alles muss ewéi d'Ham an der Mëllech gekacht ginn".
Logement: "Déi eng oder aner flott Iddi" vun de Banken
Am Interview goufen en Donneschdeg – wou de Logementsdësch och ass – puer vun de Mesuren an deem Beräich diskutéiert.
De Finanzminister huet engersäits d'temporäert Nees-Aféiere vum steierlechen Avantage vum "amortissement acceleré" nach emol verdeedegt. Méi Aktivitéit um Bau géing ënnert anerem Aarbechtsplazen ofsécheren a wier also am Sënn vun der sozialer Kohesioun. Eng Fuerderung vun de Promoteuren, fir den Enregistrement just op de Quote-part vum Terrain ze verrechnen, géing iwwerpréift ginn, mee de Gilles Roth huet rappelléiert, datt all Mesure misst konform mat der Verfassung sinn.
Um Logementsdësch erwaart hie sech dann awer och "déi eng oder aner flott Iddi" vu Säite vun de Banken am Sënn vun engem "kollektiven Effort". Ëmmerhin ass de Staat Aktionär bei enger Rei vun de grousse Banken hei am Land, sou de Finanzminister.
Grondsteierreform: Zäitschinn op ee Joer "net schlecht"
Wat d'Reform vun der Grondsteier an d'Mobiliséierungs- oder Spekulatiounstax op eidel Terrainen a Wunnengen ugeet, dorunner hält d'CSV-DP-Regierung fest. Dem Gilles Roth no géingen dës zwar d'Logementskris net léisen, mee wieren am Sënn vu Steiergerechtegkeet ze verstoen. Nodeems den entspriechende Gesetzprojet vun der leschter Regierung op Bedenke vum Staatsrot gestouss ass, misst den Inneministère, de Logementsministère a säi Ministère den Text iwwerschaffen. D'Zäitschinn op ee Joer, déi wier net schlecht", sou nach de Gilles Roth.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.