Um InstanzeweeDéi obligatoresch Bedenkzäit beim Schwangerschaftsofbroch soll ofgeschaaft ginn

RTL Lëtzebuerg
Den obligatoreschen Delai vun 3 Deeg fir nozedenken, dee bis elo virun engem Schwangerschaftsofbroch virgesi war, soll ofgeschaaft ginn.

Am Regierungsrot gouf en deementspriechende Gesetzprojet guttgeheescht, wéi et vum Gesondheetsministère a vum Justizministère heescht.

Medezinesch Ënnersichunge fir eng soi-disant “Jongfralechkeet” bei Fraen a Meedercher festzestellen an Zertifikater, déi eng Jongfralechkeet attestéiere sollen, sollen iwwerdeems duerch dat Gesetz verbuede ginn. Dat selwecht gëllt fir Operatiounen, mat deenen eng “Jongfralechkeet” nees hiergestallt soll ginn. D’Ministeschen Deprez a Margue schwätze vun engem wichtege Fortschrëtt fir d’Fraerechter.

D’Regierung hat schonn am Koalitiounsaccord festgehalen, datt déi obligatoresch Bedenkzäit virun engem Schwangerschaftsofbroch soll ofgeschaaft ginn. Dat ass och eng Fuerderung vu Fraerechtsgruppen an ënnert anerem rezent nach der Mënscherechtskommissioun. Och de Verbuet vu sougenannte Jongfralechkeetszertifikater war am Koalitiounsaccord virgesinn. D’Gesondheetsministesch Martine Deprez hat bei enger Debatt an der Chamber iwwert eng ëffentlech Petitioun zu deem Thema och am Abrëll zejoert nach ee mol verséchert, datt dat dës Legislaturperiod soll kommen.

Back to Top
CIM LOGO