
D’Françoise Thoma, Generaldirektesch vun der Spuerkeess, huet sech, wéi et am offizielle Communiqué heescht, “d’un commun accord” decidéiert, hir Plaz un der Spëtz vun der Staatsbank opzeginn.
Demissioun vu Generaldirektesch vun der Spuerkeess
Dat soll awer näischt mat der Caritas-Affär ze dinn hunn, muss een dat gleewen?
Wann de President vum Opsiichtsrot an d’Madamm Thoma dat sou soen, musse mer dat wuel och sou gleewen.
Am Mee huet d’Spuerkeess vun der CSSF eng Strof vu bal 5 Milliounen Euro kritt. Dat no enger Kontroll an der Suite vun der Caritas-Affär.
4.968.780 Euro huet d’Spuerkeess musse bezuelen. Well d’Bank no engem éischte Contrôle vun der CSSF am Joer 2018 och sechs Joer duerno nach ëmmer net all Reglementer a Circulairë géint d’Geldwäsch an d’Finanzéierung vum Terrorismus ëmgesat hat.
Dat ass also de Grond, firwat, datt d’Spuerkeess elo en neie Generaldirekter brauch.
Mir kënne nëmme spekuléieren. D’Madamm Thoma ass nu mol de CEO vun der Bank a steet domat an der Responsabilitéit. Och wa si ganz sécher net eleng schëlleg ass, datt net alles korrekt ëmgesat gouf. A mat der Fraude zum Schued vun der Caritas huet d’Generaldirektesch jo ganz definitiv näischt ze dinn. Awer wann ech un der Spëtz vum Comité de Direction stinn, zanter 2016 iwwregens, an domat nach virun dem éischten CSSF-Contrôle aus dem Joer 2018 an et an all deene Joren net fäerdeg bréngen, meng Bank konform ze setzen, da schéngt et mir normal, dat déi Bank sech wëll nei opstellen.
Also ass déi Demissioun keng ganz fräiwëlleg. Well am August hat d’Françoise Thoma nach gesot, si wëllt d’Bank an Zukunft féieren.
Fräiwëlleg oder net. Wat spillt dat fir e Rôle? Fakt ass, datt et der Bank gutt deet, wa se sech nei opstellt. Firwat awer just nëmmen d’Generaldirektesch ausgewiesselt gëtt, dat verstinn ech net. Well d’Madamm Thoma ass net eleng am Direktiounscomité. Do si se zu fënnef. An ech sinn iwwerzeegt, datt den Opsiichtsrot zanter 2018 Bescheed wousst, datt CSSF deemools Problemer festgestallt hat. Wat huet den Opsiichtsrot dann all deene Jore gemaach, froen ech mech. Well laut Spuerkeess-Gesetz aus dem Joer 1989 muss den Direktiounscomité dem Verwaltungsrot mindestens all zwee Méint Rapport maachen, wéi et der Bank geet. Ass dann do ni nogefrot ginn? Net vum President, deen och well zanter 2017 op sengem Posten ass. An och net vun den anere Memberen.
D’Madamm geet, mä däerf awer bleiwen. Ass dat eng Léisung “à la luxembourgeoise”?
All Member vum Direktiounscomité huet de Statut vun engem Fonctionnaire. An d’Generaldirektesch huet kee schlëmme perséinleche Feeler gemaach. Kann also net entlooss ginn. Also huet een “d’un commun accord” eng Léisung fonnt. Well am Gesetz dat heite steet: “En cas de non-renouvellement du mandat d’un membre du comité de direction, celui-ci devient conseiller général auprès de l’établissement.” Dofir also geet Madamm Thoma an däerf awer bleiwen.
Wie gëtt dann elo neie Generaldirekter vun der Spuerkeess?
Do zirkuléiert net eréischt zanter e Méindeg eng Rumeur. Et kéint e staatleche Vertrieder aus dem Opsiichtsrot sinn. Awer dat war, wéi mer elo wëssen, just eng Rumeur. Sou laang se net vum Conseil annoncéiert an duerch en “Arrêté grand-ducal” confirméiert gëtt.
RTL-News (10.11.25): Spuerkeess: D’Françoise Thoma hält als Generaldirektesch op
RTL-News (11.11.25): Generaldirektesch vun der Spuerkeess: Deputéiert mol méi, mol manner erstaunt iwwer Demissioun vu Françoise Thoma