Affär CaritasDer LSAP an deene Gréngen no géingen déi Falsch bestrooft ginn

RTL Lëtzebuerg
An der Caritas-Affär géingen déi Falsch bestrooft ginn, sou de Fazit vun den Oppositiounsparteien LSAP an déi Gréng
© François Aulner / RTL

Vertrieder vu béide Parteien hunn e Samschdeg géigeniwwer RTL op d’Annonce reagéiert, déi den Aussen- a Kooperatiounsminister Xavier Bettel e Freideg an der zoustänneger Chamberkommissioun gemaach huet. Hien hat d’Deputéiert doriwwer informéiert, wéi déi international Projete vun der Hëllefsorganisatioun wäerte weiderlafen.

Et hätt een eng Rei Zuelematerial kritt, wat relativ chaotesch gewiescht wier, ma d’Astellung géing bleiwen, dass d’Regierung net an d’Oprechterhale vun den Aktivitéiten investéiere wéilt, esou déi gréng Deputéiert Joëlle Welfring. Dat wier eng reng politesch Decisioun déi ze bedauere wier:

“Et muss ee sech och d’Fro stelle, wéi vernünfteg den Ëmgang mat Steiersuen ass, wann et drëm geet, elo Plazen ofzebauen, déi säit zwielef Joer am Opbau waren, wou ganz vill Steiersuen dra gefloss sinn, fir déi iwwerhaapt en place ze setzen. An da steet jo nach ëmmer - ass net ausgeschloss -, dass an Zukunft erëm eppes muss nei opgebaut ginn. Dat heescht, do si mer awer elo wierklech net am verantwortungsvollen Ëmgang mat Steiersuen an dësem Fall. An dat ass dat, wat ech hinnen och net richteg halen, wa se schonn esou Argumenter an d’Feld féieren, da solle se, wannechgelift dat och zum Enn denken.”

Joelle Welfring: D’Regierung geet an der Affär net responsabel mat Steiersuen ëm

Änlech gesäit dat den LSAP-Deputéierten a fréiere Kooperatiounsminister Franz Fayot. Wichteg Kapazitéite vun der Lëtzebuerger Kooperatioun géinge verluer goen.

“Am Fong hätt ee missen deen internationale Volet an déi ganz Reorganisatioun do mat eranhuelen. Dat ass, dat war jo iwwer zwee Méint, war dat jo ganz gutt méiglech. An am Fong soen ‘okay’ mir maachen een Deal mat Caritas, wou se sech engagéieren, déi 5 Milliounen do zréckzebezuelen iwwert d’Stëftung, doduerch dass se Avoire verkafen, där jo do sinn, an dat gëtt net gemaach, an dat fannen ech ganz regrettabel.”

Franz Fayot: Internationale Volet hätt mat misse reorganiséiert ginn

Den Aussen- a Kooperatiounsminister Xavier Bettel huet den Deputéierten an der Kommissioun iwwerdeems confirméiert, datt Analyse géinge lafen, fir eng Ambassade zu Tel Aviv an e Kooperatiounsbüro zu Ramallah opzemaachen.

Caritas-Affär: OGBL fuerdert méi Dialog an Transparenz

Back to Top
CIM LOGO