De Lëtzebuerger Premier Luc Frieden hat dem Friedrich Merz nach um Walowend zu der Victoire bei de Bundestagswale gratuléiert. Béid Politiker hunn en änleche Parcours hannert sech. Allrbéid haten der Politik Äddi gesot a waren an d’Privatwirtschaft gaangen, fir dann e puer Joer drop e ganz erfollegräiche politesche Comeback ze feieren.
Dem Luc Frieden no wier de Friedrich Merz sech dann och bewosst, dass Däitschland och mat senge klengen Nopere misst gutt Relatiounen hunn:
“Ech kennen den Här Merz zanter laange Joren, souwuel déi Zäit, wéi en an der Politik war, wéi déi Zäit, wou en an der Privatwirtschaft war. En huet - an dat hunn ech och am Januar nach eng Kéier mat em beschwat - et geet net duer, datt Däitschland a Frankräich eng gemeinsam Meenung hunn. De Friedrich Merz ass sech bewosst, datt ee gutt Relatiounen och mat deene méi klengen Noperen muss hunn, datt Europa e Ganzt ass. An ech menge jo, mat engem Bundeskanzler Friedrich Merz gi mer als Lëtzebuerger an ech selwer och eng ganz gutt Relatioun hunn am Interêt vun eisen zwee Länner.”
Den Ausseminister Xavier Bettel betount iwwerdeems, wéi wichteg e staarkt Däitschland fir Europa ass: “Mir brauchen e staarken Noper mat enger staarker Majoritéit a wou net een deem anere wierklech probéiert e Fouss ze stellen. Däitschland ass e wichtege Partner a mir hoffen, dass se séier eng stabil Regierung och kréien.”
D‘SPD realiséiert bei de Bundestagswalen iwwerdeems en historesch schlechte Score. Et ass eng batter Néierlag, déi ënner anerem doru läit, datt et derPartei net gelongen ass, hir Themen am Walkampf no vir ze bréngen, sou d‘Francine Closener.
D‘LSAP-Presidentin schléisst um Dag no de Walen net aus, datt de Boris Pistorius vläicht de bessere Choix gewiescht wier.
Op alle Fall wier déi sozialdemokratesch Defaite natierlech och op den Echec vun der Ampelkoalitioun zeréck ze féieren an den Olaf Scholz wier eben d’Gesiicht vun dëser: “Wann een awer gesäit, wéi vill Wieler eriwwergaange si bei eng Unioun oder och bei aner Parteien, eebe well se den Här Pistorius eigentlech besser fonnt hätten, da wier dat warscheinlech e bessere Choix gewiescht. Anersäits muss een awer soen, dass den Olaf Scholz sech eigentlech och näischt zu Scholde komme gelooss huet. En huet déi Regierung net zesummegehale krut mat engem Här Lindner, dee jo alles gemaach huet, fir se ze sabotéieren. Dat war - dat ass - säin Haaptproblem gewiescht an natierlech och huet et herno massiv un de Sue gefeelt. Mee ech verstinn awer, dass d’SPD gesot huet: ‘hie war eise Kanzler, mir wollte mat him goen.’ Im Nachhinein seet ee sech, den Här Pistorius wier vläicht de bessere Choix gewiescht.”
Eng Grouss-Koalitioun ass kee Selbstläufer fënnt d‘Francine Closener. De Friedrich Merz vun der Unioun misst elo beweisen, datt hien net just déck Téin ka späizen, ma och Kompromësser ka maachen, ënner anerem bei der Sozialpolitik, sou d’Lëtzebuerger Sozialistin.
Vue datt a villen europäesche Länner d‘Extremer gestäerkt goufen, missten och d’Sozialdemokrate sech Gedanke maachen, wéi een handlungsfäeg bleift, zum Beispill mat konservative Partner, an dobäi gläichzäiteg senge Wäerter trei bleift a credibel ass.
Och d‘ADR huet géigeniwwer RTL op déi däitsch Wale reagéiert. Mat enger eventueller schwaarz-rouder Koalitioun kéint ee sech elo vun der grénger Politik lass léisen, fënnt den Deputéierte Fred Keup. Datt an Däitschland sou gewielt gouf ewéi gewielt gouf, géif kloer weisen, wat d‘Leit elo wéilten:
“D’AfD ass net d’Partnerpartei vun der ADR an Däitschland, dat ass net de Fall. Dat heescht, sou fern hale mir eis och do eraus aus deem Walkampf, mee et ass kloer, mengen ech, dass eng Politik, soen ech elo Mol, vun der CSU/CDU an och vun der AfD, wou awer ganz vill Punkte sinn, déi sech bei deenen och iwwerschneiden. Ech mengen, dass dat dat ass, wat och erauskomm ass, wat vill Leit wëllen a wat mengen ech och, elo mat aller Virsiicht, déi ech hei vu Lëtzebuerg aus ka soen, fir Däitschland a fir Europa besser wier.”
D‘Leit wéilten déi Politik aus de leschten 20 Joer einfach net méi matdroen, sou nach de Fred Keup.
Ma nieft der AFD zielt och d’Linke zu de Walgewënner. Dem David Wagner vun déi Lénk no, géif den Erfolleg vun der Schwësterpartei weisen, dass eng standfest Oppositiounspolitik sech lount:
“Dat beweist jo och, wann ee standfest ass op senge Fundamental-Oppositiounen - dat heescht, standfest géint Faschismus, géint Rassismus, dat ass déi Linke, an awer och standfest géint all ausbeuteresch Politik, déi jo och Parteie wéi d’CDU oder d’FDP an natierlech och d’AfD wëlle bedreiwen, also patronatsfrëndlech an aarbechterfeindlech Politiken.”
De féieren EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker huet iwwerdeems d’Walvictoire vun der CDU begréisst. De Friedrich Merz wär ganz pro-europäesch agestallt, dat géing och Lëtzebuerg zegutt kommen. Datt elo wuel nees eng Zweeër-Koalitioun un d’Rudder kéim, wär och besser fir d’EU. Déi lescht Joren iwwer hätt Däitschland zu Bréissel net mat ofgestëmmt, well een an der Dräier-Koalitioun zerstridde war, esou de Jean-Claude Juncker.
Walvictoire fir CDU/CSU: FDP a BSW kommen net an de Bundestag, Koalitioun tëscht Unioun an SPD méiglech
No Victoire fir CDU/CSU: Lëtzebuerger Premier Luc Frieden zefridden iwwer Resultat vu Bundestagswalen
Walvictoire fir CDU/CSU: FDP a BSW kommen net an de Bundestag, Koalitioun tëscht Unioun an SPD méiglech