D'Woch op RTLD'Nouvellen, déi d'Leit beweegt hunn

RTL Lëtzebuerg
De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun
Wandel um Immobiliëmaart
De Pic ass areecht an d’Präisser falen deels massiv. Esou de Bilan vum Grupp AtHome. Just am Norde vum Land sinn d’Haiser am éischten Trimester vun 2023 ëm weider 10 Prozent geklommen. Dat war um Freideg och Sujet

am Invité vun der Redaktioun.

https://www.rtl.lu/radio/invite-vun-der-redaktioun/a/2049586.html

Finanzéierung vun Terrorismus?
Am Süde vum Land koum et zu Perquisitiounen vun der Police judiciaire. D’Wunnenge vu 4 Leit goufen duerchsicht, well si enger Persoun Sue solle geschéckt hunn, déi Member vun enger terroristescher Beweegung soll sinn. Zwou Persoune sinn an Untersuchungshaft, eng drëtt Persoun gëtt vun der Justiz iwwerwaacht.

Zu Aasselscheier bleift den Dreck leien
zu Luerenzweiler ass eng Fra mat der Gemeng am Clinch, well hir Poubellen net eidel gemaach ginn. D’Argument vun der Gemeng: D’Strooss an där d’Fra wunnt ass e Feldwee a fir de Poubelleswon net accessibel.

Wat ass de Sënn vum Liewen?
Fir ëmmer manner Mënschen ass dee vun der Kierch virginn , musse mir en an ons selwer fannen a wéi eng gemeinsam Wäerter hu mir nach als Gesellschaft? Dat war dës Woch de Sujet am Kloertext.

Kanner klären op
Fir méi Net-Lëtzebuerger Bierger iwwert hiert Walrecht opzeklären, hunn zwou Klassen aus dem Cylce 4.1 Interviewe gefouert a Pousteren drécke gelooss.

Impfung mat Konsequenzen
Mir hunn eng jonk Fra getraff, déi no der Covid-Impfung eng Häerzmuskelentzündung krut an elo nach mat de Sequellen ze kämpfen huet.

Jonker an de Weltall
Den ESA-Astronaut Raphaël Liégeois wëll Jonker fir d’Weltall begeeschteren an huet all hir Froe beäntwert.

Nei Ausstellung am Mudam
Gewise ginn d’Wierker vum Michel Majerus, deen 2002 bei engem Luxais-Accidnt ëm d’Liewe komm ass.

Genesis Market
Déi gréissten Hacker-Plattform op der Welt gouf zerschloen. A 17 Länner sinn d’Ermëttler géint d’Bedreiwer a Clienten vun der Darknet-Plattform virgaangen.

Schaffen am Luxushotel
Eis Ekipp huet d’Nora Biver zu Zermatt besicht. D’Eventmanagerin schafft zënter 6 Joer an engem 5 Stären Hotel.

DFB-Pokal
Grouss Iwwerraschung am Futtball. Freiburg eliminéiert iwwerraschend Bayern München am DFB-Pokal.

De Georgely
Zu Maacher gouf en neit Buch virgestallt mat 300 Lëtzebuerger Lidder vu fréier bis haut. Benannt gouf d’Buch nom klengste Museker vun der Welt, dem Lëtzebuerger Spillmann Georges Urwald.

Back to Top
CIM LOGO