D'Woch op RTLD'Nouvellen, déi d'Leit beweegt hunn

RTL Lëtzebuerg
De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.

Op der anerer Säit vum Gitter
Uganks der Woch goufen dräi Poliziste verhaft. Dat wéinst dem Ëmgang mat enger alkoholiséierter Persoun, déi si an d’Ausniichterungszell brénge sollten. Spéider gouf nach e véierte Polizist verhaft. Hinne gëtt schwéier Kierperverletzung virgehäit

Bouf spuerlos verschwonnen
De klengen Emile war leschte Weekend a Frankräich aus dem Gaart vu senge Grousselteren verschwonnen. Nodeems een véier Deeg intensiv no him gesicht huet, gouf d’Sichaktioun gestoppt. D’Enquête vun der Police leeft awer weider.

SMS fir 250 Euro?
De Chauffer sollt wärend dem Fueren net um Handy sinn. Gëtt en awer dobäi erwëscht kascht dat den Ament 149 Euro an 2 Punkten. Am Hierscht soll d’Gesetz méi streng ginn, 4 Punkten an 250 Euro soll de Fuerer da bezuelen. Dës weideren soll et och verbuede ginn den Handy bei der rouder Luucht ze benotzen. Besonnesch dat gouf vun de Leit dobaussen staark kritiséiert.

Lëtzebuerger Politiker an “Depeche Mode”
Uganks der Woch waren de Xavier Bettel, Jean Asselborn a François Bausch vum Findel aus op de NATO-Sommet a Litaue geflunn. Um Fliger war e rouden Doudekapp vun der brittecher Band “Depeche Mode”. Wéi dat zesummepasst, huet eis Faktencheck-Ekipp ënnersicht.

Nouvelle vum Haff
Iwwer sozial Medien huet den groussherzoglechen Haff erfreelech Nouvellen annoncéiert. De Prënz Felix a seng Fra erwaarden hiert drëtt Kand. Hiert eelst Meedchen ass 9 Joer al, hire Bouf kritt am Wanter seng 7 Joer.

Robbie rockt
Ronn 30.000 hunn de Méindeg an Dënschdeg Owend de Parking vun der Luxexpo gerockt. Grond dofir war den Optrëtt vum britteschen Sänger Robbie Williams.

Fotoen an Andréck vu béide Concerten fannt dir hei.

CHL-Chantier konterbont
Ronderëm de Site vum CHL stinn wéinst dem Chantier aktuell 750 Meter Barrikaden. Ma dës goufen elo vun 20 Graffitikënschtler verschéinert. An dësem Kader gouf et souguer nach e Workshop fir Fräiwëlleger vum Centre Educatif Liewenshaff.

Vill Gestreits um Samschdeg de Moien
Zu Sandweiler huet déi al Koalitioun CSV-déi Gréng en neie Logo decidéiert an dat gefält der neier Majoritéit DP-LSAP guer net. Déi hunn dunn um fréie Samschdeg de Moien protestéiert a wollte verhënneren, dass neie Logo op d’Gemengenautoe gepecht ginn.

Wat méi séier wat besser?
En Automobilist an der Belsch war mat sengem mat enger Vitess vun 388 Stonnekilometer ënnerwee. Erlaabt waren 120 km/h. Obwuel den Autosfuerer geblëtzt gouf, kann et sinn, dass en ouni Strof dovu kënnt. D’Radaren sinn nämlech net dofir gemaach esou eng héich Vitesse genee festzehalen, wat et schwéier mécht eng Strof auszestellen.

Männer bei GNTM
D’Heidi Klum huet déi lescht Joren an hirer Show “Germany’s Next Topmodel"ëmmer méi op Diversitéit gesat. Fir déi nächst Staffel solle sech dann elo och Männer umelle kënnen.

Back to Top
CIM LOGO