
Lëtzebuergerin wënnt “The Voice Belgium”
D’Woch huet gutt ugefaangen, dat mat der Finall vun “The Voice Belgium” um Dënschdeg den Owend. Dat 20 Joer alt Emma Sorgato vu Fluessweiler konnt sech géint hir Kontrahenten Alexandre, Clément an Alyah duerchsetzen. Mat hirer Versioun vu “Money Money Money” vun Abba gouf si zur Gewënnerin vun der Casting-Show gewielt.
Brandstëftung zu Fenneng?
D’Police huet dës Woch ausserdeem dräi Persounen no engem Feier zu Fenneng festgeholl. Zwee Autoe ware komplett ausgebrannt, den Autoritéiten no gouf et e Verdacht op Brandstëftung. Zeienaussoen haten d’Beamten op d’Spuer vun de Verdächtege bruecht.
Phantom-Gare ënnert dem Findel
De Projet Train-Tram, deen 2004 decidéiert gouf an de Paräisser TGV mam Findel verbanne sollt, gouf ni realiséiert. Zanter elo scho 15 Joer läit d’Gare ënnert dem Fluchhafen am Dornréischen-Schlof. Ma wéi gesäit et elo do aus a wat kéint een draus maachen? Eng RTL-Ekipp war sech d’Saach ukucken.
E Liewen am Zelt
Mir hunn dës Woch ausserdeem eng Rei Sans-abrien an hirem Alldag begleet. De Stefan an de Ferenc weisen eis hir Zelter, an deene si sech am Bësch um Kierchbierg ageriicht hunn. ëmmer méi Leit géifen dozou iwwergoen, an Zelter ze schlofen, sot eis d’Direktesch vun der Stëmm vun der Strooss.
De Budget huet d’Politik beschäftegt
Op der politescher Dagesuerdnung stoungen dës Woch d’Presentatioun an d’Debaten iwwert de Budget. Vum nächste Joer uns sollen ënnert anerem elengerzéiend Elteren a Wittleit steierlech entlaascht ginn, huet de Finanzminister Gilles Roth versprach. De Budget fir de Rescht vum Joer 2024 gouf en Donneschdeg de Mëtteg an der Chamber vun der Majoritéit ugeholl.
Oeillet-Revolutioun a Portugal feiert 50 Joer
Genee 50 Joer ass et dës Woch hier, datt Portugal duerch ee friddleche Militärputsch vun der Diktatur befreit gouf. Lëtzebuerg huet historesch eng staark Connectioun zum Land ganz am Weste vun Europa. Mir hu mat enger Portugisin, déi antëscht zu Lëtzebuerg lieft, iwwert hir Erënnerungen un de 25. Abrëll 2974 geschwat.
Wandrad mécht sech selbststänneg
Zu Paräis gesäit de berüümte Varieté “Moulin Rouge” dëser Deeg e bëssen anescht aus. D’Wandrad vun der Paräisser Institutioun ass um fréien Donneschdegmoie géint an de Koup gefall. Blesséiert gouf beim Virfall keen, ma de Materialschued ass héich. Och Deeler vum Schrëftzuch si mat erofgefall, esou datt iwwert dem Etablissement just nach “Lin Rouge” ze liese war.
Franséische Sänger duerch Schoss blesséiert
Mir bleiwen a Frankräich. De Sänger Kendji Girac huet dës Woch Schlagzeile gemaach, nodeems hien duerch e Schoss blesséiert gouf. De Procureur d’Etat huet Enn der Woch Detailer ginn. De Sänger hätt ausgesot, dass hie senger Liewenspartnerin Angscht maache wollt, nodeems si him gesot huet, hie verloossen ze wëllen. Hien hätt e Suicide simuléiere wëllen, wou sech tatsächlech ee Schoss aus der Waff geléist huet.