Depot um Mëttwoch de MoienEn éischte Budgetsprojet mat éischte Spuermesuren

RTL Lëtzebuerg
De Finanzminister Gilles Roth huet dëse Mëttwoch um 9 Auer de Budgetsprojet fir dëst Joer an der Chamber deposéiert a gëtt duerno Erklärungen dozou.

Wéinst dem Regierungswiessel deckt de Budgetsprojet 2024 just d’Méint Mee bis Dezember. De Gilles Roth hat et dowéinst en “Iwwergangsbudget” genannt. Et ass awer en Iwwergangsbudget an engem schwierege Kontext: Ofgesi vun der geopolitescher Ongewëssheet an enger schwaacher Croissance sinn d’ëffentlech Finanzen aktuell schonn am roude Beräich. Stand Enn Dezember waren d’Recetten d’lescht Joer zwar ëm 7% geklommen, mee d’Depensen ëm dat Duebelt. Déi Schéier ass nach ëmmer auserneen a bei onverännerter Politik géing de Budgetsdefizit beim Zentralstaat (also ouni Gemengen a Sozialkeesen) vun 2,7% d’lescht Joer op 3,8% dëst Joer klammen, esou d’Zuele vun der Generalinspektioun vun de Finanzen.

Virun deem Hannergrond hat de Premier Luc Frieden den 22. Februar ugekënnegt, datt den Defizit schonn dëst Joer misst reduzéiert ginn. De Gilles Roth hat den Dag selwer Moies schonn hei op RTL d’Kaz aus dem Sak gelooss a fir d’éischte Kéier d’Wuert “Spuermesuren” an de Mond geholl. Allerdéngs keng, déi der Kafkraaft vun de Leit oder der Kompetitivitéit vun de Betriber géing schueden. Och d’Investitioune sollen héich gehale ginn. Spuerpotential oder “d’Optimiséierung vun den Depensen”, huet de Gilles Roth beim Fonctionement vum Staat identifizéiert: Bei der Digitaliséierung, bei der Astellungspolitik a bei de Gebaier, déi de Staat lount a keeft. A senge Wierder: “Et muss net alles ewéi d’Ham an der Mëllech gekacht ginn.” De Gilles Roth, dee schonn ëmmer sech gär bildlech ausgedréckt huet, huet ewéi en nach op der Oppositiounsbänk souz, ëmmer nees bedauert, datt d’Regierung keen “Apel fir den Duuscht” géing op der Säit halen. D’Zil vun der Regierung ass jo den “Triple A” a gënschteg Refinanzéierungsconditiounen ze behalen. Dofir misst d’Staatsschold eng Trajectoire hunn, déi awer ënner 30% vum PIB wier. Den Zuele vum Tresor no géing déi awer 2026 dee Seuil iwwerschreiden.

Fir de Budget ze reequilibréieren, missten all déi Spuerefforten awer schonn e Batz ausmaachen, well am Budget fir dëst Joer wäerte sech éischter eng Rei nei Ausgaben oder Moins-values vun der neier CSV-DP-Regierung erëmspigelen: Zum Beispill d’Upassung vum Steierbarème u 4 Indextranchen (480 Milliounen Euro manner Recetten) oder nach den “neie Schwong” fir de Bausecteur an d’Investisseuren (480 Milliounen Euro eleng fir de Kaf vu Wunnengen um Privat-Marché). Donieft sollen och d’Militär-Ausgabe scho progressiv klammen. Am Budget fir dëst Joer wäerten awer och nach Mesurë vun der viregter Regierung stoen: D’Bremsen op d’Hausse vun den Energiepräisser an aner Kompensatiounsmesurë vun de “Solidaritéitspäck”, déi op den Tripartitten decidéiert gi waren a fir déi alles an allem eng Enveloppe vu 4 Milliarden Euro virgesi war. Ewéi déi Mesuren d’nächst Joer erofgefuer ginn oder ersat ginn, géing d’Regierung elo nach kucken.

De Budgetsprojet fir dëst Joer wäert also weider en Defizit virgesinn, mee de Gilles Roth hat schonn Enn Januar ugekënnegt, datt an de Joren 2025, 26 a 27 “d’Schrauf wäert mussen e bëssen ugezu ginn”. Alles dat si keng gutt Viraussetzunge fir eng grouss Steierreform, déi d’Regierung bis Enn vun der Legislaturperiod wëll op d’mannst preparéiert hunn. Fir d’Betriber soll et awer d’nächst Joer scho Steierreduktioune ginn. Ënnert dem Stréch ass d’Approche vun der CSV-DP-Regierung déi: D’Wirtschaft ukuerbelen, fir esou méi Recetten ze generéieren, mat deenen d’Depensë kënne weider finanzéiert ginn. D’LSAP an déi Gréng hunn zanter dem Regierungswiessel bedauert, datt d’Regierung ze vill eleng op d’Croissance géing setzen a se kee “Plang B” hätt. Si fuerderen och méi Steieren op d’grouss Verméigen oder héich Beneficer.

Budgetsrapporter ass dëst Joer d’CSV-Deputéiert Diane Adehm. De Vott iwwert de Budgetsprojet 2024 ass viraussiichtlech de 25. Abrëll.

D’Presentatioun vum Budgetsprojet kënnt Dir live op RTL.lu kucken.

Back to Top
CIM LOGO