
Finanziell Entlaaschtung
E Gesetzestext fir eng Upassung vum Steierbarème un 1,5 Indextranchë gouf elo an der Chamber deposéiert. Vum 1. Januar u sollen d’Leit dann op hire Revenuen entlaascht ginn. Konkret Rechebeispiller, wéi dëst kéint ausgesinn a wie wéi vill Netto méi hätt, kënnt Dir hei noliesen.
D’Verhandlunge gi weider
Kuerz virun Oflaf vun der Wafferou soll d’Hamas eng Rakéit op Israel geschoss hunn. Offiziell huet sech awer nach keen zum Beschoss aus der Gazasträif bekannt. Beit Säite konnte sech op eng Wafferou vun enger Woch eenegen. Wärenddeem goufe méi wéi 100 Geisele befreit.
Welt-Aids-Dag
Viru 40 Joer gouf de Virus entdeckt. Haut ass een a punkto Preventioun an Traitement e gutt Stéck méi wäit. Et gëtt awer weider op Informatioun a Sensibiliséierung gesat.
Bommenalarm
En Donneschdeg gouf d’Stater Gare wéinst engem verdächtege Pak evakuéiert. An dësem Kader gouf elo e 40 Joer ale Mann festgeholl. Dësen hat de Pak beim Informatiounsguichet vun der CFL ofgestallt.
Lëtzebuerger vum Joer
Wéi all Joer kënnt Dir Äre Lëtzebuerger an Är Lëtzebuergerin vum Joer proposéieren a wielen.
Wie séngt fir Lëtzebuerg?
Am Kader vun Eurovision Song Contest organiséiert Lëtzebuerg de Luxembourg Song Contest. De 27. Januar entscheet sech, wie Lëtzebuerg am Mee beim ESC zu Malmö vertrieden dierf. D’Show ass an der Rockhal a gëtt op eise Plattforme live iwwerdroen.
Big Business
Chrëschtdag ass d’Zäit fir One-Hit-Wonder. Vill Leit probéieren iwwert déi Zäit nämlech en Hit ze landen, well se dann all Joers rëm doru verdéngen. Un d’Klassiker kommen déi mannsten awer wierklech erun.
Gléckleche Gewënner
Den Euro-Million-Jackpot vun 83 Milliounen Euro gouf geknackt a gëtt zu Lëtzebuerg ausbezuelt. D’Lous gouf nämlech hei am Land validéiert. Et ass den héchste Betrag deen d’Loterie Nationale hei bis ewell ausbezuelt huet.