
Do ass et d‘Opschaffe vun der Affär Caritas, wou e Méindeg de Mëtten direkt emol eng hallef Dose Chamberkommissioune vu bal enger hallwer Dose Ministeren an d‘Bild gesat ginn. Déi Gréng haten d’Sëtzung ugefrot, fir ze wëssen, wéi et mat der Hëllefsorganisatioun weidergeet, nodeems 61 Milliounen Euro verontreit goufen. D’lescht Woch hat de Caritas-Krise-Comité déi nei Entitéit “Hut - Hëllef um Terrain” ugekënnegt, fir déi national Aktivitéiten z’iwwerhuelen. De Weekend gouf awer bekannt, datt déi international Operatioune gestoppt ginn an deemno eng 100 Leit hei an am Ausland hir Aarbechtsplaz verléieren. D’LSAP an déi Lénk hu kritiséiert, datt d’Sëtzung vun de Kommissiounen hannert zouenen Dieren ass an net iwwerdroe gëtt. Parallel zu de politeschen Diskussiounen enquêtéiert d’Justiz iwwerdeem weider iwwer d’Fraude, déi geschitt ass. An déi al Caritas muss och da kucken, ewéi si mat de Banken eens gëtt an ëmgedréint.
Ee vun de groussen Highlighten dësen Hierscht ass den 8. Oktober, wann den Ierfgroussherzog Guillaume an der Chamber a Presenz vun den Deputéierten an och der Regierung als Lieutnant-Représentant vum Grand-Duc vereedegt gëtt.
Bei de politesch schwéieren Dossieren ass et den Optakt vun de breetgefächerte Gespréicher iwwer d‘Rentereform.
Grad esou komplizéiert ass et, d‘administrativ Simplificatioun, zum Beispill am Logement op Pabeier ze kréien, respektiv den ominéise „once-only-Prinzip“.
Net ze vergiessen: Et gëtt weider um Budget fir d‘Joer 2025 geschafft. Deem éischte Budget, un deem déi nei Regierung gemooss wäert ginn.
Dann hu mer nei a reduzéiert Hëllefe vum Staat bei den Energiepräisser. Och dat muss op Pabeier bruecht ginn.
Am Hierscht ass et dann och eriwwer mat verschidde Primme fir Elektrogefierer, respektiv et gëtt do sozial gestaffelt.
An da sinn natierlech d‘Schoule mat och do Neierungen, déi op d’mannst emol an der Maach sinn. An der Grondschoul soll vun der Ouschtervakanz nächst Joer un den Handy verbuede ginn. Am Secondaire dierf den Handy net wärend de Schoulstonne benotzt ginn.
Op europäeschem Plang proposéiert d‘EU-Kommissiounscheffin en Dënschdeg dem Europaparlament hir nei Bréisseler Ekipp, mat aus Lëtzebuerger Siicht dem Match tëscht dem Christophe Hansen an dem Nicolas Schmit.
Net ze vergiessen: An 10 Deeg kënnt de Poopst an d‘Land.
RTL-News: “HUT Hëllef um Terrain": Sou heescht nei Entitéit aus Fondatioun Caritas a Caritas Accueil et solidarité
RTL-News: Caritas: 30 Leit hei am Land a 70 Leit am Südsudan a Laos verléieren hir Schaff