
Formel 1 zu Conter
Méi wéi dräi Joer scho kënnen d’Awunner zu Conter weekends net méi schlofen. Hei an der Industriezon ass iwwer Nuecht nämlech den Treffpunkt fir ronn 200 Autosbegeeschterter oder éischter “Möchtegern-Rennfahrer”. Coursen, Driften an den Auspuff knuppe loossen ass hei um Programm.
Buttek zu Uewerkuer
Well de Promoteur d’Baufirmen net bezuelt huet, leeft aktuell näischt um Chantier. Déi finanziell Situatioun ass ugespaant. An d’Hausbesëtzer waarde weider op hir véier Wänn.
Et brennt ëmmer nach
Am Süde vun Europa huet een ëmmer nach mat Bëschbränn ze kämpfen. Dës gi vun der Europäescher Weltraumagence och mat Hëllef vu Satellitten iwwerwaacht. Ënnert anerem zu Rhodos goufe vill Touristen evakuéiert, ënnert hinnen och eng Partie Lëtzebuerg. Zwou Lëtzebuergerinnen hunn eis vun hiren Erfarungen erzielt.
Mat 13 Joer am Prisong
E jonkt Meedche gouf zu Dikrech festgeholl, well et en anert Mannerjäregt mat enger futtisser Fläsch blesséiert huet. Well d’Unisec scho voll besat war, koum et du fir eng Nuecht op Schraasseg. Eng Decisioun, déi fir vill Diskussioun gesuergt huet.
Witz oder vertippt?
Op engem neie Schëld op der neier Streck ass e Schreiffeeler passéiert, dee wuel verschidde Leit, déi an der Géigend ënnerwee sinn, wäert zum Schmunzele bréngen. Amplaz op Audun-le-Tiche sinn d’Leit nämlech op Audin-le-Tiche gefuer.
Ännerungen op der Strooss
Den Handy um Steier gëtt nawell méi deier. Awer och bei Drogen a Medikament soll elo méi haart duerchgegraff ginn. De Pit Everling huet sech dat neit Gesetz ugekuckt an déi Haaptpunkte resüméiert.
Nazi-Skandal an der ADR
Wéinst 8 Joer ale Posts an de soziale Medien ass den ADR-Kandidat fir den Osten, den Alain Vossen, e Méindeg den Owend als Kandidat fir d’Chamberwalen zeréckgetrueden. Op enger Foto hat de Mann en T-Shirt mam SS-Schrëftzuch drop un. Dëst war en Zeeche vum däitschen Nationalsozialismus.
International Sécherheetspolitik
Am Interview mengt den Nico Lange, dass d’Zäite fir Gemittlechkeet a Rou eriwwer sinn. Ënnert anerem schléit den Expert fir International Sécherheetspolitik vir, d’Ukrain systematesch ze ënnerstëtzen an net nëmme sporadesch.
Viru Geriicht
De fréieren US-President Trump steet den Ament viru Geriicht. Hie gouf a 40 Punkten ugeklot. Ënnert anerem soll hie versicht hunn, Opname vun enger Videoiwwerwaachung ze läschen.
Zu Berlin lafen den Ament 142 Ermëttlunge wéinst Iwwergrëff op “Letzte Generatioun"-Aktivisten. Hei gëtt an all eenzele Fall gepréift, ob et Noutwier war.
Hannert de Kulissen
De leschte Weekend war zu Iechternach den Echterlive, wou souwuel Lëtzebuerger wéi och international Kënschtler opgetruede sinn. An der Emissioun Summermagazin -Backstage! huet de Julien Marcy Iech mat hannert d’Kulisse vum Echterlive geholl.
Moies Iwwerfall, Mëttes kee Permis méi
E Mann wollt op der Stater Gare eigentlech just eng Plainte maachen, well en um fréie Moien iwwerfall gouf. Um Policebüro war en dunn awer wéinst sengem Alkoholpeegel opgefall a krut kuerzerhand de Permis wechgeholl, well e mat sengem eegen Auto op de Policebüro gefuer ass.
Lëtzebuerg goes ESC
Am Kader vun der Participatioun vu Lëtzebuerg beim Eurovision Song Contest war de leschte Weekend an der Rockhal den éischte Pre-Selektiounscasting. Éischt Andréck fannt Dir hei.
Alex Kirsch rëm Doheem
De Lëtzebuerger Cyclist Alex Kirsch ass dëst Joer säin éischten Tour de France matgefuer. Nodeems hien elo bal 4 Wochen ënnerwee war, wier hien einfach frou rëm bei der Famill ze sinn a mat de Kanner ze rolzen. Am Interview erzielt de Sportler vun de schlëmmsten a beschte Momenter.