
Als Circonstances atténuantes hält d’Geriicht “Troubles mentaux” zeréck, soudass et keng liewenslänglech Prisongsstrof gouf, mee eben déi 25 Joer. D’Fra huet Schizophrenie, a wier zum Moment vun der Dot an hirem discernement, also der Capacitéit ze urteelen an an der Kontroll vun hiren Akten ageschränkt gewiescht. Ausserdeem muss déi Ugekloten d’Fraise vum Prozess an Héicht vu ronn 13.600 Euro iwwerhuelen.
D’Police hat de Mann am Mäerz 2022 dout a sengem Keller fonnt, nodeems Bekannten hie vermësst gemellt haten. Viru Geriicht hunn d’Enquêteuren am November 2024 novollzunn, wat genee am Februar 2022 am Haus vun der Koppel geschitt soll sinn.
Iwwerdeems de 57 Joer ale Mann um Bett d’Tëlee gekuckt huet, soll seng 38 Joer al Fra hie vun hanne mat engem Hummer erschlo hunn. Duerno hätt si hien op enger Decken an de Keller geschleeft, do ausgedoen a leie gelooss. No der Dot huet d’Fra e puer Woche virun am Haus gelieft an huet no Haiser a Vakanzen a Brasilien gekuckt, hirem Heemechtsland. Si hätt och probéiert, d’Haus zu Heeschpelt ze verkafen.
Viru Geriicht weist sech, dass d’Bestietnis wuel net einfach war. De Mann soll Alkoholiker gewiescht sinn a schlecht op de Been. D’Fra sot aus, hien hätt si verbal a physesch attackéiert an och mat engem Messer bedreet. Dat konnt allerdéngs net bewise ginn. Et gouf och festgehalen, dass d’Fra Schizophrenie huet. Si war virdru schonn an enger Psychiatrie behandelt ginn.
Wa keng Partie Appell mécht, gëtt d’Urteel a 40 Deeg rechtskräfteg.
RTL-News (12.11.24): Prozess ëm Mord mat Hummer: Parquet fuerdert 25 Joer Prisong
RTL-News (4.11.24): Prozess ëm Mord mat Hummer: Fra hätt no der Dot keng Emotioune gewisen, esou d’Poliziste viru Geriicht
RTL-News (4.11.24): Geriicht Dikrech: Fra soll Mann mat Hummer erschlo hunn