Télévie 2023Gemeng Helperknapp fir d’éischte Kéier als Centre de Promesses dobäi

Philippe Dondelinger
Am Kader vun eiser Télévie-Woch mellt de Philippe Dondelinger sech aus der Gemeng Helperknapp – mir hunn hien op Bruch an déi nei Sportshal geschéckt.

Do waarden nämlech zwee déck Schecken drop, ofgeholl ze ginn. Déi ënnert de Vëlosfuerer vläicht scho bekannten Tier “Mastertour” an “DHL Télévie Tour” hu jeeweils 20.000 Euro fir d’Kriibsfuerschung era bruecht. Natierlech war och den Organisatiounscomité vum Télévie Zenter zu Bruch present. De Jean Sadler verréit am Interview, wat een um groussen Télévie-Dag zu Béiwen un der Atert erliewe kann. D’Gemeng Helperknapp ass iwweregens déi aller éischte Kéier als Centre de Promesses dobäi.

Déi ganz Woch iwwer si mir an den Télévie-Zenteren ënnerwee, souwuel um Radio wéi och op der Tëlee am Magazin. E Méindeg huet de Centre de Promesses vu Rodange den Optakt gemaach. En Dënschdeg ware mir an der Gemeng Schëtter op Besuch.

Back to Top
CIM LOGO