
De schwéier surveilléierten Transport ass an enger Police-Eskort um Freideg vum Härebierg RTL-Informatiounen no an d’Verbrennungs-Anlag vun der SIDOR op Leideleng gefuer, wou d’Droge vernicht gi sinn. Och de Policehelikopter war fir d’Zäit vum Transport am Asaz.
No der Decouverte vun de Kokain-Päck, déi an den dräi Walze vun engem Concasseur verstoppt waren, hat den Dikrecher Parquet vun enger exzeptioneller Saisie geschwat. De Marchés-Wäert vun den Droge kéint sech bis op 160 Milliounen Euro chiffréieren - d’Droge koumen awer net op de Marché, mee ginn de Freideg Owend duerch de Kamäin zu Leideleng.
D’Instruktioun an d’Enquête ginn iwwerdeem weider - zwou Persoune sinn an deem Kontext um Uechterhaff an Untersuchungshaft.
De Parquet huet e Freideg ëm 18 Auer iwwerdeems confirméiert, datt déi 889 Kilogramm Kokain, déi de 6. Februar an dem Concasseur entdeckt goufen, dëse Freideg transportéiert an endgülteg zerstéiert goufen. Virdru ware Prouwen aus de Päck geholl ginn.
Aus “offensichtleche Sécherheetsgrënn” kéinte keng Detailer iwwert d’Plaz oder d’Aart a Weis vun der Zerstéierung vun den Droge matgedeelt ginn, huet de Parquet weider preziséiert.
Gréissere Coup am Drogemilieu: Parquet confirméiert honnerte Kilogramm Kokain a kolumbianeschem Concasseur
Kokain am Concasseur: “Ech war frou, wéi alles fort war!”
Ernest Nilles, Procureur vun Dikrech: “1. Kéier a Lëtzebuerger Justizgeschicht, wou sou eng Quantitéit fonnt gëtt”