
Déi Lokal-Police gëtt jo zanter dem leschte Summer an der Stad an zu Esch getest. Dës Beamte géife fir e bessert Sécherheetsgefill suergen, wéi den CSV-Inneminister Léon Gloden en Donneschdeg an der zoustänneger Chamberkommissioun erkläert huet.
D’Poliziste sollen net iwwerall oder zu all Moment agesat ginn, mä wann et ubruecht wier. Zum Beispill wann am Summer vill lass wier op enger Plaz.
Als nächst soll déi Lokal-Police zu Déifferdeng an zu Gréiwemaacher an den Asaz kommen an dat normalerweis vum 1. Mee un. Donieft hat den Minister Gloden den 1. Mäerz bei eis am Background annoncéiert, datt déi Lokal-Police och soll regional an net nëmmen an enger Stad getest ginn. Fir d’éischt emol fir d’Regioun Museldall.