CyberattackenLëtzebuerg an "IT Coalition" profitéiere vun der Erfarung vun der Ukrain

Jeannot Ries
Lëtzebuerg huet zesumme mat Estland de Lead an der "IT Coalition" fir d'Ukrain.
"IT-Coalition" fir d’Ukrain: Lëtzebuerg huet mat Estland de Lead
Déi ganz Koalitioun kann vun den Erfarungen, déi een aktuell am Krich an der Ukrain sammelt, profitéieren.

D’Zil ass et, am Beräich vun den Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologien der Ukrain déi néideg Ekipementer ze liwweren. D’Lëtzebuerger Verdeedegungsministesch Yuriko Backes sot am RTL-Interview, datt Lëtzebuerg an déi aner Alliéiert och eppes dovunner hunn.

Déi lescht Woch gouf et jo och eng Rei Cyberattacke géint Lëtzebuerg. D’Ukrain, déi kann eng Geschicht doriwwer erzielen. D’Membere vun der “IT Coalition” géinge vun der Erfarung vun der Ukrain an deem Beräich profitéieren. Haaptzil vun der “IT Coalition” ass awer natierlech, d’Ukrain am Widderstand géint d’russesch Invasioun z’ënnerstëtzen. Lëtzebuerg ass an där Koalitioun fir d’Koordinatioun zoustänneg. “Mir kucken, wat se brauchen an zesumme mat anere Länner, wat déi kënne liwweren”, esou d’Yuriko Backes. Alles, wat da misst kaf ginn, géing iwwer d’NSPA lafen (fréier Namsa, eng logistesch Déngschtleeschtungsagence vun der NATO).

Nieft Lëtzebuerg an Estland bedeelege sech 8 aner Länner finanziell an d’Yuriko Backes wëll weider Participante fannen. D’aktuell Enveloppe vun 30 Milliounen Euro bezeechent d’Verdeedegungsministesch schonn als “substantiell”. D’Kommunikatioun ass op der Front och essentiel. D’Kommandozentral misst kënne mat der Front kommunikéieren, ouni datt d’Gespréicher ofgelauschtert ginn zum Beispill.

Wat d’Munitioun ugeet, do hunn am Kader vum sougenannten “Ramstein Grupp” aner Koalitiounen de Lead: Frankräich an Däitschland, wat d’Artillerie-Granaten ugeet. Lëtzebuerg mécht do mat a parallel am Benelux oder an der tschechescher Initiativ, wou Munitioun baussent der EU kaf gëtt. De Grand-Duché ass iwweregens och finanziell un der Koalitioun bedeelegt, déi fir den Training vun ukrainesche F-16 Piloten zoustänneg ass.

Lëtzebuerg stellt sech op jidder Fall drop an, d’Ukrain iwwert Jore mussen ze ënnerstëtzen. Wéi d’Yuriko Backes et seet: “Russland huet e laangen Otem”.

IT-Coalitioun an der Ukrain / Reportage François Aulner

Wéi vill huet Lëtzebuerg fir d’Ukrain ausginn?

D’lescht Joer huet Lëtzebuerg 6.000 Schoss, fir e Wäert vun eppes iwwer 11 Milliounen Euro fir d’Ukrain kaf. Déi lescht zwee Joer goungen domat eng 170 Milliounen Euro aus dem nationalen Defensebudget u Kiew. Dëst Joer ass fir d’éischt e spezifesche Budget vu minimum 70 Millioune virgesinn.

De Lëtzebuerg Militär Satellit LUXEOSys soll vun Enn 2025 u Biller un d’NATO-Partner liwweren. De Satellit soll elo endlech Enn vun dësem Joer, respektiv Ufank 2025 mat enger SpaceX-Rakéit eropgeschoss ginn.

Hei weider Artikelen an deem Kontext

Ukrainesche Premier op Aarbechtsvisitt: Denys Schmyhal begréisst Efforte vu Lëtzebuerg

Yuriko Backes zu Ramstein:

Lëtzebuerg ënnerstëtzt Ukrain bei der Moderniséierung vum Militär

NATO: Stoltenberg fuerdert méi Tempo bei Produktioun vu Munitioun

RTL-Journalisten an der Ukrain: Keen Enn vum Krich en vue: “D’Ukrainer si midd”

Back to Top
CIM LOGO