Belsch Risikolëscht aktualiséiertLëtzebuerg nach ëmmer "orange", Malta an Norwegen elo op "gréng"

RTL Lëtzebuerg
D'Belsch huet hir Länner-Lëscht e Mëttwoch aktualiséiert, wouhin et erlaabt oder ofgerode gëtt, fir hin ze reesen.

De Grand-Duché bleift dem belschen Ausseministère no, op der oranger Lëscht.

Vun der oranger, respektiv rouder Lëscht nees als gréng klasséiert, goufen iwwerdeems Malta a Norwegen.

Fir déi 9 Länner, déi d'Belsch, nieft Lëtzebuerg, op der oranger Lëscht drop huet, gëllen zum Deel Quarantän-Bestëmmunge bei Retouren aus dëse Länner. Fir Retouren aus dem Grand-Duché zréck an d'Belsch gëllt dëst net, mä nëmmen eng "Vigilance accrue".

Op der rouder Lëscht vun de belschen Autoritéiten, wou d'Reesen net autoriséiert sinn, sinn Regiounen a Spuenien a Portugal an d'Stad Leicester a Groussbritannien.

RTL-NEWS: Lëtzebuerg gëtt an der Belsch als "Zone orange" aklasséiert
RTL-NEWS: Jean Asselborn: "Mir wieren eis dogéint"

Back to Top
CIM LOGO