No Aussoe vum Serge WilmesMinister "seet net d'Wourecht", esou d'CGFP

RTL Lëtzebuerg
De Ball tëscht Regierung an CGFP gëtt monter weider hin- an hir gespillt.
© Jeannot Ries

Den zoustännege Minister Serge Wilmes war en Dënschdeg de Moien Invité vun der Redaktioun, wou hien der Staatsbeamtegewerkschaft reprochéiert huet, mam allgemenge Gehälteraccord beim Staat an dem Bewäertungssystem bei der Arméi Äppel mat Bieren ze vergläichen.

No enger grousser Protestmanifestatioun e Méindeg den Owend leet d’CGFP elo no der Emissioun nach eng Kéier no. De Minister vun der Fonction Publique hätt mat sengem Optrëtt um Radio nach eng Kéier Ueleg an d’Feier geschott. Hie géif net d’Wourecht soen, dass de Bewäertungssystem bei der Arméi en anere wär ewéi deen allgemenge beim Staat, dee jo wäert ofgeschaaft ginn, esou d’Gewerkschaft an engem Schreiwes.

Quasi zäitgläich huet och d’Regierung an engem offizielle Communiqué dat widderholl, wat den zoustännege Minister op RTL Radio Lëtzebuerg sot. Den aktuelle Bewäertungssystem gëtt ofgeschaaft. Dee bei der Arméi wär awer néideg, fir d’Sécherheet vun den Zaldoten an Zaldotinnen. E wär wichteg fir d’Kredibilitéit vun der Arméi.

Back to Top
CIM LOGO