D'Woch op RTLMost Wanted, deier Reese vum Grand-Duc an net alles deelen

RTL Lëtzebuerg
De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.

Alles zouginn, mee awer Affer?
De fréiere Most Wanted stoung dës Woch viru Geriicht. Den Ugekloten hat 2020 op der Grenzbréck Réimech engem Mann an d’Bee geschoss. De Parquet fuerdert 12 Joer Prisong.

Op der Strooss trotz Job
An där Situatioun ass méi wéi een zu Lëtzebuerg. D’Anne Wolff huet mat engem Betraffene geschwat. An wie sinn déi Leit, déi ënnert dem Pont Adolphe an Zelter liewen? Och där Fro si mir op d’Spuer gaangen. Aarmut an d’Heescheverbuet war um Donneschdeg dann och de Sujet am Kloertext.

Komplette Wiessel

A Frankräich ass fir d’éischt d’Premierministesch Elisabeth Borne a kuerz drop déi ganz Regierung zeréckgetrueden. De Gabriel Attal gëtt dann neie Premier a krut den Optrag eng nei Regierung
opzestellen.

Deier Vakanz

De Lëtzebuerger Haff huet dës Woch direkt zweemol fir Schlagzeile gesuergt. D’Freet ass grouss bei der groussherzoglecher Famill. De Prënz Felix a seng Fra Claire kruten nämlech hiert 3. Kand. De Bouf heescht Balthasar Felix Karl. Net esou frou ware si warscheinlech iwwert eng Analyse vu Reporter.lu. Déi hunn nämlech d’Reeskäschte vum Haff oppegeluecht.

Trakter op der Autobunn
Uganks der Woch haten déi däitsch Bauere géint nei Propose vun der Regierung protestéiert. Dobäi hu si Autosbunnsop- an Offaarte blockéiert an dat och ronderëm déi Lëtzebuerger Grenz.

Nei Lëtzebuerger Musek
Eppes vir d’Ouere gëtt et dann elo vun eisen 8 Kandidate vum Luxembourg Song Contest. Dës Woch goufen déi 8 Lidder nämlech publizéiert a wann dir d’Kandidate méi perséinlech wëllt kenneléieren, kuckt Iech d’Homestories un. Do hu mir si een Dag begleet.

Weider Detailer an Epstein-Affär
Fënnef Joer no sengem Doud suergt de Fall Jeffrey Epstein nach ëmmer fir Diskussiounen. Hie soll jo iwwer Jore mannerjäreg Meedercher a jonk Frae sexuell mëssbraucht an zur Prostitutioun gezwongen hunn. Elo goufe weider Informatioune public gemaach, wéi dës Fraen a Meedercher solle rekrutéiert gi sinn.

Vill Gold
De Sonndeg waren dann d’Golden Globes. De grousse Gewënner war de Film Oppenheimer.

Schwaarz Deeg am Futtball
An Däitschland traueren d’Futtballfans. De fréiere Spiller an Trainer Franz Beckenbauer ass am Alter vun 78 Joer gestuerwen.

Hip Hop-Weltmeeschter
Den 13. Januar kann een d’Danz-Kompanie “Wanted Posse” an den “Émana Quartett” hautno materliewen, wa si hir nei Kreatioun “Steps on Strings” am Cube521 weisen.

Back to Top
CIM LOGO