
Den Ament schaffe 45 Leit an de fënnef ING-Agencen. En Deel dovu soll an Zukunft am “Contact Center” vun der Bank schaffen. Dat äntwert de Finanzminister op eng parlamentaresch Fro vun der CSV. Bis wéini d‘Bank dës Pläng wëll ëmgesat hunn, ass net gewosst.
Ob Leit sollen entlooss ginn, weess de Minister och net. Ma bis ewell hätt den Aarbechtsministère nach keng Demande fir e Sozialplang kritt. Doriwwer, wéi eng Agencë kéinte betraff sinn, goufen et keng Informatiounen.
Rezent hat d’Bank jo iwwerraschend annoncéiert, hire Service fir privat Clientë komplett anzestellen. An deem Kader haten d’Gewerkschafte schonn Enn Mee méi Kloerheet fir d’Zukunft vum Personal gefuerdert.