Prozess géint suspendéierten Direkter vum Clierfer LycéeParquet fuerdert 2.000 Euro Geldstrof fir de Jean Billa

Marc Hoscheid
E Méindeg koum et um Dikrecher Geriicht zu engem Prozess wéinst illegalem Waffebesëtz.
© RTL-Archiv

Am Oktober d’lescht Joer gouf de Jean Billa als Direkter vum Clierfer Lycée Edward Steichen suspendéiert. Aktuell läit den Dossier beim Disziplin-Kommissariat vum ëffentlechen Déngscht.

Prozess géint suspendéierten Direkter vum Clierfer Lycée / Rep. Marc Hoscheid

Parallel zu där interner Prozedur hat de Parquet eng Enquête lancéiert. Am Raum stoungen illegale Waffebesëtz, Verstéiss géint d’Drogegesetzer an den Detournement vu privaten oder ëffentleche Suen. E Méindeg gouf elo mol zu Dikrech um Geriicht de Volet vum illegale Waffebesëtz verhandelt.

Wärend enger Perquisitioun beim Jean Billa doheem goufen d’lescht Joer véier Schosswaffe saiséiert, déi net ugemellt waren. Déi hätt hie vu senger 2022 verstuerwener Mamm geierft, woubäi d’Waffen awer réischt méi spéit bemierkt gi wieren. Well hie gutt Relatioune mat der Police technique hat, fir déi hien ee Cours iwwert Fotografie um Tatort gehalen huet, hätt de suspendéierte Lycéesdirekter d’Waffe beim nächste Besuch vun de Beamte bei him doheem wëllen ofginn. De Vertrieder vum Parquet huet iwwerdeems gemengt, d’Police hätt direkt mussen informéiert ginn. De Jean Billa huet erkläert, hie wéisst, datt e géint d’Gesetz verstouss hätt an et géing him leed doen.

Bei enger Perquisitioun am Lycée gouf iwwerdeems a sengem Büro ee Butterfly-Messer fonnt. Säin Affekot, de Maître Marc Becker, huet awer gemengt, dat Messer kéint genee esou gutt duerch de fréieren Directeur adjoint, Claude Huss, deen de Büro virum Jean Billa genotzt hätt, dohinner komm sinn.

Wärend de Parquet eng Geldstrof vun 2.000 Euro fir de Jean Billa an eng Saisie vum Messer gefuerdert huet, huet säin Affekot eng Suspensioun vum Prononcé gefrot. Säi Client géing säi Feeler agesinn an hätt och akzeptéiert, datt säi Waffeschäin agezu gouf. Am Fong wier de Reproche vum illegale Waffebesëtz souwisou just ee Kollateralschued vun der Disziplinarprozedur, well d’Beamte jo no eppes anerem gesicht gehat hätten. Wou déi Prozedur drun ass, ass iwwerdeems och ee Joer nodeems se lancéiert gouf nach ëmmer net gewosst. Et sief dorunner erënnert, datt an dësem Fall d’Onscholdsvermuddung gëllt.

D'Geriicht zu Dikrech.
D’Geriicht zu Dikrech.
© Marc Hoscheid / RTL

RTL-News 23.10.2023: Den Direkter vum Clierfer Lycée ass bis op Weideres fräigestallt ginn
RTL-News 14.11.2023: Géint suspendéierten Direkter vu Clierfer Lycée gëtt ermëttelt
RTL-News 20.11.2023: Suspendéierte Lycéesdirekter weist Reprochen zeréck

Back to Top
CIM LOGO