Vun der Grenzregioun bis a Brasilien an an d'USASolle Lëtzebuerger, déi am Ausland liewen, bei de Chamberwalen dierfe wielen?

RTL Lëtzebuerg
D'Diskussioune waren nawell grouss, wéi d'Vertrieder vu 5 Parteien Ugangs Abrëll, am Kader vum Walkampf, a Brasilien geflu waren.

Zu Florianopolis an der Géigend vu Sao Paulo hu Vertrieder vun der LSAP, deene Gréngen, der CSV, de Piraten an der ADR, e puer honnert Leit mat Lëtzebuerger Nationalitéit, déi a Brasilien liewen, iwwert de Lëtzebuerger Walsystem informéiert. De Premier war online bäigeschalt. Déi meescht vun de Persounen, déi do waren, kruten d’Lëtzebuerger Nationalitéit iwwert de sougenannte Recouvrement. Also andeems si nogewisen hunn, dass si an direkter Linn Lëtzebuerger Virfaren hunn a bis 2018 eng Demande fir d’Nationalitéit agereecht haten.

Doropshi war et zu enger gréisserer Diskussioun komm. Engersäits doriwwer, wat dës Rees wuel u Steiersue kascht hätt. Anerersäits awer och doriwwer, ob et Sënn mécht, dass Leit, déi nach ni a Lëtzebuerg gelieft hunn, bei de Chamberwale mat ofstëmmen dierfen.

Eng Fro, déi sécher berechtegt ass, wéi d’Michèle Schilt vum Zentrum fir politesch Bildung erkläert:

Michèle Schilt: Am Ausland wunnen, zu Lëtzebuerg wielen?
Michèle Schilt: Am Ausland wunnen, zu Lëtzebuerg wielen?

Wéi gesinn d’Parteien déi Saach?

Mir wollten och vun de Parteie wëssen, wéi si zu engem Walrecht fir Lëtzebuerger stinn, déi net am Grand-Duché liewen. Sollte si weiderhi wielen dierfen oder net? Sollt fir si ieren och eng Walflicht gëllen? Fir dat erauszefannen, hate mir de Parteie folgend Fro geschéckt:

Solle Leit mat Lëtzebuerger Nationalitéit, déi am Ausland liewen, weiderhin bei de Chamberwalen dierfe wielen? Solle si esouguer musse wielen?

Hei fannt Dir d’Positioune vun de Parteien am Iwwerbléck:

Fir si soll och d’Walflicht gëllen: Fokus, Volt

Si sollen dat aktiivt Walrecht hunn: LSAP, DP, Déi Gréng, CSV, Déi Lénk, Piraten, KPL, Déi Konservativ

Si sollen esouwuel dat aktiivt ewéi och dat passiivt Walrecht hunn: ADR

D’Äntwerte vun de Parteien am Detail:

LSAP
DP
Déi Gréng
CSV
Déi Lénk
ADR
Piraten
Fokus
Volt
KPL
Déi Konservativ

Hei fannt Dir déi aner Deeler vun eiser Serie “Demokratie-Check":

Krautmaart amplaz Clairefontainesplaz: Firwat wiele mir e Parlament a keng Regierung?

De Wielerwëllen: Muss d’Partei mat de meeschte Sëtz an der Regierung vertruede sinn?

Inhaltlech sënnvoll oder ze grousse Workload? Wéi vill Ministerposte sollt eng Persoun besetze kënnen?

Neien Input oder op Erfarung setzen? Sollen d’Mandatsperiode fir Ministere limitéiert ginn?

Cumul vu Muecht oder Representatioun vu lokalen Interessen? Sinn d’Duebelmandater nach zäitgeméiss?

Lokal Representatioun op nationalem Niveau: Géif eng zweet Parlamentskummer zu Lëtzebuerg Sënn maachen?

Representativitéit: Ee grousse Walbezierk amplaz vu 4?

Firwat eigentlech 60?: Sollt d’Zuel vun den Deputéierten an der Chamber adaptéiert ginn?

Back to Top
CIM LOGO