Diskussioune bei der Arméi lafen awer nachStaatsbeamte kréie keen neie generelle Bewäertungssystem dës Legislaturperiod

RTL Lëtzebuerg
En neien allgemenge Bewäertungssystem beim Staat wäert dës Legislaturperiod net agefouert ginn.
De Steve Heiliger, Generalsekretär CGFP, de Luc Frieden, Lëtzebuerger Premier an de Romain Wolff, President vun der CGFP.
De Steve Heiliger, Generalsekretär CGFP, de Luc Frieden, Lëtzebuerger Premier an de Romain Wolff, President vun der CGFP.
© ME

Dozou huet sech d’Regierung en Dënschdeg an enger Reunioun tëscht dem Premier Frieden, dem zoustännege Minister Wilmes a Vertrieder vun der Staatsbeamtegewerkschaft CGFP engagéiert.

D’Objektiver, déi an Eenzelgespréicher definéiert ginn, wéi se am Gehälteraccord festgehale sinn, bleiwen awer bestoen. Den Engagement gëllt awer net fir e méigleche Bewäertungssystem bei der Arméi, wéi eis d’Staatsbeamtegewerkschaft confirméiert huet. Hei lafen d’Diskussiounen nämlech nach. D’CGFP an hir Memberorganisatiounen haten der zoustänneger Ministesch Alternative proposéiert.

Link: Dat ganzt Schreiwes iwwer d’Entrevue vum Premierminister mat der CGFP.
RTL-News: Pensiounsdebatt ouni déi Jonk?: D’CGFP ass entsat iwwer falsch Duerstellungen
RTL-News: CGFP-Entrevue um Donneschdeg: Sträitthema Gehälteraccord gouf nëmme kuerz mam Serge Wilmes diskutéiert
RTL-News: Op Initiativ vun de Piraten: Sträit ëm Bewäertungssystem bei Staatsbeamten an Arméi war Sujet an der Chambe

Back to Top
CIM LOGO