Entrevue mam Aarbechtsminister a SyndikaterTarkett bleift bei Entloossung vun 126 Salariéen

RTL Lëtzebuerg
D'Direktioun bleift dobäi, via Sozialplang 126 Salariéen z'entloossen. Doru konnt och eng Entrevue mam Aarbechtsminister Georges Mischo näischt änneren.
© Domingos Oliveira / RTL

Am fréien Dënschdeg Nomëtteg waren dunn d’Direktioun vun Tarkett an d’Gewerkschaften zesummen. Dobäi wier net dat erauskomm, wat ee sech erhofft hat, seet den Zentralsekretär vum OGBL, den Alain Rolling.

Tarkett géing stuer um Sozialplang festhalen, d’Gewerkschafte bedaueren, datt d’Direktioun net op de Wee vun engem Plan de maintien dans l’emploi wëll goen. Virun allem, esou den Alain Rolling, elo wou ee gewuer gi wier, wéi eng Salariéë virop vun den Entloossunge betraff sinn.

“Wou mer dann am meeschten nach haut schockéiert sinn, dat ass eeben dann d’Annonce eeben, datt vun deenen 126 Leit majoritär och da Leit dobäi sinn, leider, déi plus 51 Joer hunn an déi wierklech och da ganz schwéier menger Meenung no, wa se eng Kéier bis et loosst sinn, vermëttelbar sinn, well mer hei vum Secteur vun der Industrie schwätzen an op e gewëssenen Alter, wann een do nei op de Marché kënnt, do ass ee vläicht da fir déi Employeuren net esou attraktiv a wat mer wierklech immens bedaueren.”

Déi nächst Deeg wéilt een an deene verschiddene Gremie kucken, wéi een op d’Entrevue mat der Direktioun vun Tarkett reagéiert.

RTL-News: Aarbechtsminister Mischo: Virgoe bei Tarkett ass “inakzeptabel”
RTL-News: OGBL an LCGB schockéiert: Firma “Tarkett GDL” vu Clierf plangt, 126 Leit ze entloossen

Back to Top
CIM LOGO