
Zanter 1946 gëtt et d’Traditiounshaus Tapis Hertz. No 73 Joer hat de Familljebetrib schonn 2019 d’Dieren an der Groussgaass mussen zoumaachen. No knapp 5 Joer an der Belle Etoile mécht Tapis Hertz dann elo de leschte vun hire Butteker zou.
Wéi de Betrib e Méindeg de Moien op hirem Facebook-Site schreift, hätte sech d’Gewunnechte vun de Leit geännert. “Déi wirtschaftlech a sozial Krisen hu géint eis Leidenschaft gewonnen a ginn eis keng Hoffnung op eng séier Reprise.”
Am September soll dann definitiv Schluss sinn an der Belle Etoile. De Rideau- an Teppech-Departement géing awer vun engem anere Familljebetrib iwwerholl ginn.
RTL-News: No 73 Joer: Familljebetrib Tapis Hertz mécht seng Dieren an der Groussgaass zou
RTL-News: Serie Commerce: Tapis Hertz “D’Leit komme vill an d’Stad, mä kafen enzwousch anescht an”