Bis den 11. SeptemberUm Freideg huet um Glacis d'Schueberfouer ugefaangen

RTL Lëtzebuerg
Um 17 Auer war e Freideg den Owend déi offiziell Ouvertureszeremonie. Verschidden Iessbude hunn hir Diere schonn e Freideg um 11 Auer opgemaach.
Um Freideg huet um Glacis d'Schueberfouer ugefaangen
Um 17 Auer war e Freideg den Owend déi offiziell Ouvertureszeremonie. Verschidden Iessbude hunn hir Diere schonn e Freideg um 11 Auer opgemaach.

Bis den 11. September ass um Glacis domadder nees 20 Deeg laang eng méi lass. Et ass bekanntlech déi gréisst Kiermes an der Groussregioun mat gutt zwou Millioune Visiteuren. D’Stänn sinn all Dag tëscht 12 Auer mëttes an 1 Auer nuets op.

216 Geschäfter a Spiller suergen dobäi nees fir gutt Stëmmung. Nei dobäi sinn eng 20 Stänn. Dorënner den “Jim & Jasper‘s Wildwasser”, eng vun de gréissten transportabele Waasserbunnen op der Welt. Nei dobäi ass och “1001 Nacht”, eng Attraktioun fir d’Kanner, op där ee mat Teppecher, déi fléien, iwwert de Glacis flitt. Nieft den 9 neien Attraktioune gëtt d’Offer an der Restauratioun och ugepasst. Mat der “Wrap Factory” kënnt eng weider vegetaresch a vegan Alternativ op d‘Fouer.

En Dënschdeg ass dann direkt den traditionelle Buergermeeschter-Dag an den Dag duerno, den 28. August ass Familljen-Dag, mat reduzéierte Präisser op villen Attraktiounen.

D’Stad Lëtzebuerg recommandéiert alle Leit, déi op d’Fouer wëlle goen, den ëffentlechen Transport, fir op de Glacis ze kommen. D’Quartiere ronderëm a virun allem um Lampertsbierg ass de Parking payant.

Detailer wéi gewinnt um Site fouer.lu.

Loosst d’Fouer vun 2023 nach emol Revue passéieren. Hei fannt Dir d’Fotoe vun der leschter Editioun vun der Schueberfouer an och déi aus dem Stall, wou nees gutt gefeiert ginn ass.

Archiv-Material aus bal 100 Joer “Schueberfouer” zu Lëtzebuerg

D’Schueberfouer ass eng vun den eelsten Traditiounen zu Lëtzebuerg, dat well hir Geschicht bis an d’Mëttelalter zeréckgeet, méi genee bis an d’Joer 1340.

Deemools huet de Jang de Blannen, de Kinnek vu Béimen a Grof vu Lëtzebuerg, den Datum vum traditionelle Brauch op de 24. August festgeluecht, den Dag vum Hellege Barthélemy.

Déi eelst Filmopname stamen aus dem Joer 1931.

Archiv-Material aus bal engem Joerhonnert "Schueberfouer" zu Lëtzebuerg
Et dréit sech heibäi ëm eng vun den eelsten Traditiounen zu Lëtzebuerg, dat well se bis an d’Mëttelalter zeréckgeet, méi genee bis an d’Joer 1340.

RTL-Artikel: Nei Attraktiounen an al Bekannter: Schueberfouer 2024 gëtt e Freideg lancéiert
RTL-Artikel: Schueberfouer: Produiten am Akaf a Personalkäschten däitlech méi deier, sou d’Forainen
RTL-Artikel: Code du Travail: Keng Aarbecht op der Fouer fir Mineuren

Back to Top
CIM LOGO