CTIE confirméiert DDos-AttackVerschidden Online-Servicer waren zäitweis net erreechbar

RTL Lëtzebuerg
E Freideg am fréien Nomëtteg gouf et bei verschiddenen Online-Servicer groussflächeg Stéierungen.
© RTL-Grafik

Wéi de CTIE confirméiert, gouf et tëscht 13.05 Auer a 14.55 Auer eng DDos-Attack. Dowéinst waren d’Sitten, déi vum CTIE gehost ginn, zäitweis net erreechbar, dorënner ënner anerem “myGuichet” a “Gouvernemnt.lu”. Antëscht wieren dës Sitten awer nees ze erreechen.

Als “Distributed Denial-of-Service Attack”, kuerz DDos-Attack, gi Cyberattacke bezeechent, bei deenen Online-Servicer geziilt mat enger grousser Unzuel un Ufroen iwwerlaascht ginn, bis dës Servicer ausfalen.

Et ass net déi éischte Kéier, dass de CTIE vun esou enger Attack viséiert gëtt. Dat war ënner anerem schonn am Fréijoer an am Oktober zejoert de Fall. An och am Dezember war et zu esou enger Attack komm.

De Site Luxtrust schéngt aktuell nach Problemer ze hunn a gëtt op downorjustme.com mat “down” ugewisen. Dëst gouf eis och vu User eragemellt.

Géigesteiere géint d’DDOS-Attack: D’IT-Experte vum CTIE sinn Dag an Nuecht am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO