
%20%20D’Sécherungsmesuren%20déi%20suite%20zum%20Brand%20vun%20enger%20Scheier%20an%20der%20Rue%20Eich%20den%2028.%20Abrëll%20hu%20missten%20ëmgesat%20ginn,%20konnten%20elo%20ofgeschloss%20ginn.%20D’Leit%20kënnen%20deemno%20nees%20hir%20Fënsteren%20opmaachen%20an%20sech%20ouni%20Risk%20dobaussen%20ophalen.%20Mir%20soen%20alleguerten%20de%20Bedeelegte%20Merci,%20dee%20gehollef%20huet%20d’Feier%20ze%20läschen%20an%20d’Sécherungsmesuren%20duerchzeféieren.%20An%20den%20nächsten%20Deeg%20wäerte%20weider%20Asbestmiessungen%20duerchgefouert%20ginn.Dat deelt d’Gemeng um Freideg mat. Eternits-Stécker wieren zougedeckt ginn. Dowéinst gëlle fir d’Bierger elo keng Consignë méi an déi concernéiert Stroossen a Weeër sinn nees op an och de Kultur- an de Veräinsbau ass accessibel. An den nächsten Deeg ginn nach weider Moossunge gemaach.
Et gouf eng Asbestmiessung am Kultur- a Veräinsbau duerchgefouert. Dëst huet d’Gemeng Leideleng um Donneschdeg den Owend matgedeelt. Dësen ass direkt nieft der ofgebrannter Scheier. Et konnte keng Asbestfaseren nogewise ginn. D’Eventer vun den nächsten Deeg a Woche kënnen deemno wéi geplangt organiséiert ginn.
Wéi d’Gemeng e Mëttwoch den Owend matdeelt, goufen Asbestmiessungen an de Schoulgebaier ofgeschloss. Fir Schüler a Léierpersonal besteet deemno keng Gefor.
D’Schoulgebaier bleiwen also op. D’Miessunge goufe gemaach wéi d’Lüftungsinstallatiounen ausgeschalt waren. Déi bleiwen och elo aus bis e Freideg den Owend. Eréischt da gi nach emol weider Analyse gemaach, wann d’Ventilatioun och leeft. Dernieft ginn elo Asbestmiessungen am Kulturzenter gemaach.
Wéi d’Gemeng en Dënschdeg den Owend géint 19 Auer matgedeelt huet, sinn d’Pompjeeë mat de Läschaarbechte vun der Scheier fäerdeg. Et sinn allerdéngs nach Ekippen op der Plaz, déi d’Situatioun am Bléck halen.
No Brand zu Leideleng: Läschaarbechte gi virun, Enquête soll genee Ëmstänn klären
Traureg Gewëssheet: Beim Feier zu Leideleng gouf eng Persoun dout gebuergen