
Déi beléiftsten Emissioun op RTL PLAY war déi zweet Staffel vun der Lëtzebuerger Krimiserie Capitani. Ma och d’Lëtzebuerger an déi international Aktualitéit huet d’Leit nawell staark interesséiert. Am zweetmeeschte gekuckt gouf nämlech de Journal.
Op RTL.lu war et da virun allem de Krich an der Ukrain, deen d’Leit hei am Land dat ganzt Joer iwwer beschäftegt huet. Eise Liveticker zu dësem Sujet, gouf dat ganzt Joer iwwer vill geklickt. Op vill Interessi ass dann och en trageschen Tëschefall zu Nidderkuer gestouss. Hei hat e 74 Joer ale presuméierten Täter zwee vu sengen Noperen erschoss.
Natierlech war och de Coronavirus e Sujet, deen d’Leit zejoert interesséiert huet. Virun allem d’Artikelen iwwert d’Wechfale vun de Mesuren an den Artikel iwwer d’Lockerungen am Horeca goufe vill gelies.
Donieft goufen och déi sëllege Live-Streams vun deene verschiddene sportlechen Evenementer, wéi zum Beispill vun der Formel 1 a vum internationale Fussball, vill gekuckt.
Och zejoert hunn d’RTL.lu-Lieser nees fläisseg ënnert eisen Artikele kommentéiert. Am meeschten diskutéiert, gouf dobäi den Artikel iwwert den Accord, op deen d’Sozialpartner sech am Kader vun der Tripartite am September gëeenegt haten. Och den Debat an der Chamber iwwert déi méiglech Aféierung vun enger Impfflicht gouf nawell vill beschwat. Ma och d’Hausse vun den Energiepräisser an d’Mesuren, déi d’Regierung dogéint an d’Weeër geleet huet, goufen nawell vill diskutéiert.