Planze suerge fir e méi agreabelt Klima an enger Stad, manner Kaméidi a méi Biodiversitéit. Eigentlech gewosst, mee firwat klappt et net ëmmer? D’Ëmweltministesch Joëlle Welfring sot d’lescht Woch um Bord vun enger Pressekonferenz, datt Gréngflächen a Beem am beschte vun Ufank vum Projet u mat ageplangt ginn. Iwwert den Naturpakt géing de Staat de Gemenge Moyenen zur Verfügung stellen, ma si géing sech och deemnächst mam Minister fir d’Landesplanung zesummesetzen, fir iwwer weider Initiativen ze beroden.
D’Versigelung vum Buedem am urbane Raum ka verschidde Problemer mat sech bréngen - engersäits kënnt d’Waasser net fort, wann et vill reent, anerersäits kann d’Hëtzt reflektéiert ginn an en Zäreneffekt entstoen, sou de Jean-Claude Welter, Associé vun engem Architektur- an Urbanismusbüro a Conseilsmember vum Ordre des Architectes et Ingénieurs-Conseils.
“Natierlech ass Beschattung do ganz wichteg, zum Beispill ass och ze kucken, datt een am Fong geholl d’Stroosseraim och méi enk mécht, am Fong geholl wéi dat fréier an den Alstied war, d’Gaasse waren am Fong geholl sou enk, datt se sech géigesäiteg beschattet hunn an doduerch och d’Plazen net sou opgehëtzt sinn.”
Méi enk Stroossen a méi Gréngs, ma gläichzäiteg Plaz fir ëffentlechen Transport, Vëlo an Auto? An den Ae vum Architekt gehéiert ee vun deenen Acteuren net an den urbane Raum.
“Ech mengen, datt dat laangfristeg net ze halen ass, datt den Auto nach ëmmer muss duerch d’Stad fueren an datt am Fong geholl d’Stad nees muss fräi gi fir de Foussgänger, fir de Vëlosfuerer an eben och da wéi gesot eben den Tram. An do ass leider nach ëmmer en Denken do, datt mer nach ëmmer musse mam Auto iwwerall hikommen an do mengen ech, dat brauch laang Zäit bis do och d’Urbaniste respektiv och déi ëffentlech Bauhäre vläicht och emol an déi Richtung kommen a soen, mir verbannen elo den Auto aus dem ëffentleche Raum.”
Als Architekt hätt een dacks wéineg Afloss op d’Gestalte vum ëffentleche Raum. Et kéint een awer mat Beispiller aus dem Ausland weisen, datt et och anescht geet.
“Ech war nach viru kuerzem zu Bréissel an do ass zum Beispill op der Place Fontainas, wou se am Fong geholl, dat war eng grouss Kräizung fréier an dat hu se am Fong elo komplett mat Gréngs gemaach an dat huet e bëssen am Fong geholl, wann een do e bëssen doduerch geet, an och déi Stroossen, déi do ronderëm sinn, an dee ganze Quartier, dat huet e bëssen esou en Duerfcharakter.”
Ob den urbane Raum aluedend ass oder net, betrëfft net jiddereen d’selwecht. Leit ouni Dag iwwert dem Kapp kënne sech net sou einfach zréckzéien, wann d’Hëtzt sech staut. Ma fir dës Populatioun gi verschidde Plazen am urbane Raum och express esou gestalt, datt si sech net do sollen ophalen, onofhängeg vun de Wiederkonditiounen. Vun defensiver Architektur schwätzt een, wann zum Beispill Bänken esou gemaach sinn, datt ee sech net kann drop leeën. E Phenomen, dat een och zu Lëtzebuerg fënnt. Am Plaz Leit vu bestëmmte Plaze fort ze halen, kéint een awer och Raum fir si schafen, fënnt de Jean-Claude Welter.
“Deene Leit kann ee jo awer probéieren e würdevollt Doheem ze ginn an deem een zum Beispill seet, komm mir maachen op verschiddene Plazen zum Beispill Tiny Houses, datt ee seet, deene Leit gi mer owes d’Méiglechkeet sech zréckzezéien an och an hirem klengen Doheem kënnen z’iwwernuechten, am Plaz datt mer se anzwuersch sammelen oder datt se op Plazen net erwënscht sinn.”
RTL-Artikel: Schluetwäiss, plakeg, ze waarm, mineralesch: De Knuedler am neie Look, deem et un Natur feelt
RTL-Artikel: Hëtztwell: Mat enger Wärmebildkamera ënnerwee an der Stad
RTL-Artikel: Stëmm vun der Strooss: Leit, déi op der Strooss liewen, leiden ënnert den héijen Temperaturen