2018: Polizist erschéisst Chauffer zu BounewegWittfra: "Ech ka kee Stréch dorënner maachen"

Anne Wolff
Zimmlech genee 5 Joer ass et hier, dass zu Bouneweg e Mann vun engem Polizist bei enger Course-poursuite erschoss gouf.
Den Interview mat der Wittfra Gladys Van der Maat
D’Gladys Van der Maat kann och fënnef Joer nom Tëschefall nach ëmmer keen Ofschloss fir dat schwéiert Kapitel an hirem Liewe maachen.

Deemools gouf vun Noutwier geschwat: De Chauffer wier virun de Poliziste geflücht. Wéi ee vun de jonke Beamten de Mann schliisslech op enger Kräizung stoppe wollt, wier dee riicht op de Polizist duergefuer. Deen hätt du keen aneren Auswee gesinn, fir ze schéissen. Dat war den 11. Abrëll 2018.

Am Hierscht d’lescht Joer koum et zum Prozess, well d’Theorie vun der Noutwier ugezweiwelt gouf. Déi huet d’Geriicht dann och net zeréckbehalen, de fréiere Beamte krut 5 Joer Prisong mat 3 Joer Sursis. Hien acceptéiert dat Urteel awer net an ass an Appell gaangen.

Fir d’Wittfra vum Verstuerwenen, d’Gladys Van der Maat, bedeit dat, dass et nach ëmmer keen Ofschloss fir dat schwéiert Kapitel an hirem Liewe gëtt. Vum Staat a vun der Police fillt si sech am Stach gelooss. Am Interview erzielt si eis, wéi si déi Zäit aus hirer perséinlecher an domat direkt betraffener Perspektiv erlieft huet.

Doudesnoriicht aus der Zeitung

Mir treffen d’Gladys Van der Maat op hirer Aarbecht an engem Hotel zu Veianen. Hei fillt si sech wuel, gëtt gutt eens mat hiren Aarbechtskolleegen. Hei gouf si awer och fir d’éischt vum Dout vun hirem Mann gewuer, an dat aus der Zeitung.

“Ech hunn d’Lëtzebuerger Wort hei bei eis leie gesinn an do war op dem Titelblat eng grouss Foto. Dorop hunn ech mäin Auto erkannt, dee komplett futti war, an doriwwer en Deel vun der Iwwerschrëft. Do stoung eppes vun engem déidlechen Accident.”

Dee Moment war hire Mann schonn e ganzen Dag verschwonnen. Et wat net déi éischte Kéier, dass dat virkomm ass, mee meeschtens wier hien awer no engem Dag nees do gewiescht. Am Prozess war Rieds dovun, dass de Mann en Drogeproblem gehat hätt a warscheinlech dofir op der Gare ënnerwee war. D’Gladys Van der Maat hat dunn am Virfeld och scho bei verschiddene Klinicken a bei der Police ugeruff, fir ze froen, ob hirem Mann eppes geschitt wier.

“Du sinn ech direkt op den Internet gaangen an hunn d’Foto gezoomt. An do hunn ech dat klengt Häerz um Spigel erkannt. Do wosst ech, dat ass mäin Auto.”

Eng Odyssee fir Äntwerten

Doropshin hätt si du probéiert, bei der Police méi gewuer ze ginn. eppes, dat vill Nerven an der Situatioun kascht hätt, si hätt ënner Schock gestanen:

“Do hunn ech zwee Mol eng aner Telefonsnummer krut, bis ech beim Inspecteur erauskoum. Dee sot mir dunn, mäi Mann wier warscheinlech erschoss ginn an dass ech hien identifizéiere misst. Et war donneschdes an hie sot mir, ech sollt da méindes kommen. Ech sot dunn Nee, ech kommen muer! Ech wollt wëssen, ob dat de Richard war, ech wollt Gewëssheet hunn.”

Firwat si dat huet missen aus der Zeitung gewuer ginn, dofir huet d’Gladys Van der Maat bis haut keng Erklärung. Zwar hätt hire Mann keng Carte d’identité dobäi gehat. Am Prozess gouf och festgehalen, dass den Auto mat falschen Nummereschëlter ënnerwee gewiescht wier, ee Grond, firwat d’Polizisten dem Auto iwwerhaapt nogesat hätten. Ma et hätte Rechnungen am Auto geleeën, wou hiren Numm an hir Adress drop gestanen hätten, seet d’Gladys Van der Maat.

D’Fra wunnt déi aner Säit vun der Grenz an Däitschland, denkt awer, dass d’Lëtzebuerger Police si an deem klengen Duerf hätt kënne fannen: “Et gëtt just een Gladys am Duerf, d’Leit kenne mech do.”

Keng Entschëllegung

Eng Entschëllegung, fir den Dout vun hirem Mann, hätt si ni héieren, weder vun der Police nach vun deem Beamten, deen hire Mann am Déngscht erschoss hat. Si gleeft net, dass hire Richard de jonke Mann wierklech iwwerrenne wollt. Dass hire Mann zeréckgesat hätt an duerno a Richtung vum Polizist gefuer ass, erkläert si mat enger futtisser Servoslenkung. Dowéinst hätt ee misse wäit zerécksetzen, fir d’Steierrad genuch anzeschloen a laanscht de Beamten ze fueren. Si freet sech nach ëmmer, wat genee geschitt ass a firwat net an d’Pneue geschoss gouf.

D’Urteel aus éischter Instanz - 5 Joer Prisong, dovunner 3 mat Sursis - géing si acceptéieren, mee, dass dat hir schwéierfält, gëtt am Interview däitlech. Dem Gladys Van der Maat kommen d’Tréinen: “Et ass schonn zimmlech wéineg fir een, deen engem aneren d’Liewe geholl huet.”

Ech wëll weider komme mat mengem Liewen”

Dass d’Affär uganks Oktober an Appell geet, ass fir si eng Belaaschtung: “Et ass einfach ermiddend, ech ka kee Stréch drënner maachen. Du kënns einfach net viru mat dengem Liewen, du pass ëmmer op d’Zeitungen op, kucks um Internet, op elo rëm eppes do steet.”

Den Interview hu mir kuerz nom 5. Doudesdag vun hirem Mann gefouert. Dass d’Wittfra net ofschléisse kann, weist en Dossier, dee si dobäi huet: Doran alleguer d’Artikelen, déi an der Press iwwert den Dout vun hirem Richard geschriwwe goufen.

D’Gladys Van der Maat hofft, dass nom Appell endlech nees Rou an hiert Liewe kënnt. Ob si bei dem Prozess dobäi wäert sinn, weess si net. Sie huet Angscht, nees an e Lach ze falen.

5 Joer nom déidlechen Tëschefall zu Bouneweg
Zimmlech genee 5 Joer ass et hier, dass zu Bouneweg e Mann vun engem Polizist bei enger Course-poursuite erschoss gouf.

Déidlech Schëss: Ugeklote Polizist schwätzt um 1. Dag vum Prozess vun Noutwier
Prozess ëm déidlech Schëss zu Bouneweg: Den ugeklote fréiere Polizist “war Law and Order”
Prozess ëm déidlech Schëss zu Bouneweg: D’Fro vum Standpunkt an der Proportionalitéit
Prozess ëm déidlech Schëss zu Bouneweg: Ugeklote gëtt als äifrege Polizist beschriwwen
Prozess ëm déidlech Schëss zu Bouneweg: Policegewerkschaft wëll nach net op Urteel géint fréiere Polizist reagéieren

Back to Top
CIM LOGO