An eiser Serie "Op der anerer Säit vun der Grenz" léiere mer Lëtzebuerger kennen, déi hiert Liewen an hir Aarbecht an d'Groussregioun verluecht hunn.

Mat der Myriam Bausch hunn ech eng Fra getraff, déi mat zwee Féiss am Liewe steet. Mat dräi Kanner an hirem haut Ex-Mann war si virun e puer Joer vu Rouspert iwwert d'Grenz an Däitschland geplënnert, e Schratt, dee si bis haut net bereit.

Op ville Plaze geschafft

Praktesch déi ganz 90er huet d'Myriam bei enger grousser Lëtzebuerger Supermarchéschaîne geschafft, dono och bei enger Busentreprise an an engem Sekretariat beim Staat. Wann ee si deemools gefrot huet, wou si dann am Léifste geschafft huet, war d'Äntwert kloer: An der Keess am Supermarché. Wisou, dat gouf séier kloer am Gespréich a si seet et och selwer: "Mat de Leit schwätzen dee ganzen Dag. Meng Babbel steet souwisou op, vu moies bis owes." An dat mécht se och an hirem neien Job mat Iwwerzeegung: "Ech hunn e klenge Fanclub", seet si. Am Büro ze sëtzen, dat war net wierklech eppes fir d'Myriam.

Wéi si erëm an d'Aarbechtswelt eraklamme wollt, kuerz no den Iwwerschwemmungen an der Regioun, huet si et als éischt am Grand-Duché probéiert. Do huet si awer keng Aarbecht fonnt an ass esou och op der anerer Säit vun der Grenz op d'Sich gaangen. Als éischt huet si an engem Supermarché zu Körperich geschafft. Nom Ëmbau vum Supermarché vun der selwechter Chaîne zu Irrel ass si dohinner gewiesselt. "Am Ufank hunn ech nach zu Irrel gewunnt. Ech konnt zu Fouss goen. Fir mech war dat optimal." No der Scheedung vun hirem Mann huet si misse plënneren, wunnt awer nach ëmmer net wäit ewech.

"Ech sinn zefridden, d'Leit si frou mat mir"

RTL

D'Myriam Bausch ass zefridden op hirer Aarbechtsplaz. "Ech hat nach ni e e bessere Chef", seet si a präziséiert am Laachen, datt dëst keng Ausso ass, fir sech anzeschläimen, mä si dat ganz eescht mengt. An och d'Clientë si frou mat hir. "Ech soen ëmmer 'Moie Madamm, Moie Monsieur' an dono lauschteren ech dann, ob ech Lëtzebuergesch oder Däitsch mat hinne schwätzen". Vill Clienten awer mengen, si géif d'Platt, also den Dialekt aus der Géigend, mat hinne schwätzen, deen deelweis ganz änlech kléngt, wéi eist d'Lëtzebuergescht. "Da soen ech hinnen awer ëmmer, 'Nee, dat ass kee Platt, dat ass Lëtzebuergesch". Wärend si sech am Grand-Duché nach heiansdo opgereegt huet, datt si iwwerall Franséisch muss schwätzen, ass si haut emol frou, frankophone Clienten ze hunn. "Am Franséischen hunn ech quasi keen Accent, well mir dat jo als Lëtzebuerger gewinnt sinn, ze schwätzen. Mä mäin Däitsch ass wuel katastrophal", seet d'Myriam a laacht driwwer.

Vun Ufank un hat si keng Problemer, an Däitschland ze schaffen, si gouf gutt opgeholl an d'Aarbecht mécht hir Spaass. Si fiert moies oder mëttes gären an d'Geschäft a muss sech keng Gedanke maachen, wat haut nees Negatives vum Chef kéint kommen. "Ech hunn dat hei guer net, ech hat vun Ufank un hei keng Problemer".

"Ech wëll liewen, an net just iwwerliewen"

RTL

Esou beschreift d'Myriam Bausch hir aktuell Situatioun. Zu Lëtzebuerg ze wunnen, geet an d'Geld: D'Präisser vun de Wunnenge ginn duerch de Plaffong, "et ass net méi bezuelbar, dofir si mir och eriwwer komm". Ma och den Trajet bis op eng méiglech aner Aarbecht an erëm zeréck, kascht vill Suen an Zäit. "Ech sinn deelweis zwee Mol an der Woch Tanke gaangen", erzielt si vun der Zäit, wéi si nach beim Staat geschafft huet. Elo geet si nach all zwou Wochen. Mat der aktueller Pai kënnt si als elengerzéiend Mamm gutt iwwert d'Ronnen. Hir eelsten Duechter ass zanter zwee Joer aus dem Haus, doheem liewen nach déi zwee Jongen, déi zu Lëtzebuerg eng Léier maache respektiv nach an de Lycée ginn.

Elo eng nei Plaz zu Lëtzebuerg ze sichen, wëll si u sech net. Si huet e feste Kontrakt an Däitschland a wëll déi Sécherheet fir eng aner Plaz, wou et eng Proufzäit gëtt oder wou een da just e CDD kritt, net opginn. "Ech kann a wëll dee Risiko net agoen". D'Myriam Bausch gesäit d'Liewen an d'Schaffen an Däitschland positiv. Och wann ee manner verdéngt, esou sinn d'Käschten, fir ze liewen, och méi niddreg. Eleng bei der Assurance vum Auto bezilt si nach ronn een Drëttel vun deem, wat se zu Lëtzebuerg kascht huet, gëtt si als Beispill.

Negativ un Däitschland? D'Präisser am ëffentlechen Transport

RTL

Vill Negatives iwwert d'Liewen hannert der Grenz ka si net soen. Eenzege Bemol sinn d'Präisser vum ëffentlechen Transport. "Ech féieren d'Kanner mam Auto op Lëtzebuerg, fir datt si do mam ëffentlechen Transport weider an d'Schoul kënne fueren". Den Trajet mam däitsche Linnebus bis op d'Grenz géif 6,30 Euro kaschte pro Faart a pro Kapp. "Mäi Bensinn kascht keng 6,30 Euro bis op Rouspert", seet si a laacht. Wa si dann och am Geschäft nach op der Fréischicht schafft, ass et quasi keen Ëmwee a si ass mat Zäiten op der Aarbecht. Fir awer just zeréck op Lëtzebuerg ze plënneren, fir gratis mam Bus ze fueren... "Ech mengen net", seet d'Myriam Bausch, déi och net mengt, datt si nach eng Kéier zeréck an de Grand-Duché wéilt goen, eleng just wéinst dem Finanziellen.

Frankräich oder Belsch ware keng Optioun

Fir d'Myriam, déi och am Oste vum Grand-Duché opgewuess ass, wier als Land, fir ze liewen an ze schaffen, just Däitschland a Fro komm. Si fënnt d'Grenzregioun do méi propper, wéi dat elo zum Beispill op der anerer Säit vu Péiteng de Fall wier, erkläert si. Dofir wiere Frankräich oder d'Belsch ni eng Optioun fir si gewiescht. Si ass zefridde mat der aktueller Situatioun, esouwuel vum Liewe wéi och vum Schaffen hier.

Dräi Froen un... d'Myriam Bausch

3 Froen un... D'Myriam Bausch
Si huet schonn op verschiddene Plazen zu Lëtzebuerg geschafft, fillt sech awer elo op der aktueller Schaff an Däitschland richteg wuel.