Vill vun eis kenne bekannt, opfälleg oder schéi Plazen hei am Land. Ma wësst Dir dann och, wéi dës ausgesinn, wann Dir se aus engem 90-Grad-Wénkel gesitt?

An eiser Fotoserie "92,5 Grad Lëtzebuerg" werfe mer e ganz anere Bléck op de Grand-Duché. Mir weisen déi verschiddenste markant, bekannt oder manner bekannt, flott, grouss oder kleng Plazen, Gebaier oder Monumenter aus engem ganz anere Bléckwénkel. Nämlech voll vun uewen... aus 90 Grad.

A wou ass dat heiten?

Rot mat a fannt eraus, wou dës Fotoen opgeholl goufen. Dier hat d'Méiglechkeet, op d'Plaz ze kommen an eisen RTL-Mataarbechter ze fannen. Déi éischt Persoun, där dat geléngt, déi gewënnt eise Präis vum Dag.

Detailer zum Spill

All 15 Minutten a bis mer e Gewënner fonnt hunn, weise mer eng weider Foto, déi e bësse méi vun der Plaz wäert weisen. D'Spill leeft eng gutt Stonn. Sollt bis zu deem Zäitpunkt keng Persoun op d'Plaz komm sinn, ass d'Chance op de Kaddo verflunn.

*De Gewënner muss op d'mannst 18 Joer al oder a Begleedung vun hirem Tuteur sinn. Fir ze gewannen, muss d'Persoun averstane sinn, datt hir Foto an hiren Numm op den RTL-Lëtzebuerg-Plattforme publizéiert gëtt.

Wisou "92,5 Grad"?

Et dierft Iech dobaussen opgefall sinn. D'Fotoe sinn alleguerten aus engem 90-Grad-Wénkel opgeholl ginn. Den Numm "92,5 Grad Lëtzebuerg" huet awer nach eng aner Bedeitung.

D'Zuel "92,5" dierft den treien Nolauschterer vun RTL Lëtzebuerg bekannt virkommen: Et ass eng a wuel déi bekanntste Frequenz vun eisem Radio. Mat dësem Numm wëlle mer d'Relatioun tëscht dëser Serie, dem Grand-Duché an RTL nach méi an Evidenz setzen.

De Kaddo vun der Woch

Fir déi leschte Woch verspille mer Air Pods Pro vum Apple.