Spéitstens zanter der Pandemie wëssen d'Leit, wat Homeoffice ass an zanterhier schaffe vill Leit vun doheem aus. Dir och?

Eréischt am Juni huet d'Salariatskummer mat der Betterwork-Etüd Zuelen erausbruecht, datt den Teletravail zu Lëtzebuerg nach ëmmer verbreet a beléift bleift, och wa manner Leit am Homeoffice géinge schaffe wéi nach an der Pandemie.

Bei Amazon ass domat awer vu Januar u Schluss. Da setzt den Tech-Gigant erëm op de System wéi virun der Covid-Pandemie, an dat an alle Filialen op der Welt - och zu Lëtzebuerg, wou d'US-Entreprise ee vun de fënnef gréisste Patronen ass. Ma wéi ass et bei Iech? Maacht Dir Homeoffice oder denkt Dir och, datt et besser ass, wa jiddereen um Büro ass?