Am August gëtt et um Nuetshimmel besonnesch vill ze gesinn: Nieft Honnerte vu Stäreschnäize schéngt de Mound extra hell a 6 Planéite weise sech beieneen.

De "Recolte-Mound" oder och "Stör-Mound"

Den 9. August gëtt et den 8. Vollmound vum Joer. Dëse schéngt besonnesch hell a gëtt "Recolte-Mound" oder "Stör-Mound" genannt. D'Bezeechnung "Recolte-Mound" kënnt aus dem däitschsproochege Raum. Am August schéngt de Mound nämlech esou hell, datt d'Bauere fréiere souguer nach nom Sonnenënnergang hir Recolte konnten eranhuelen. Den Numm "Stör-Mound" kënnt vun den Traditioune vun den indigeene Vëlker an Nordamerika. Fréier goufen nämlech beim Vollmound am August am meeschte sougenannt "Störfësch" an nordamerikanesche Séie gefaangen.

Wéini gesinn ech de Vollmound am beschten?

Bei Sonnenënnergang geet de Vollmound den 9. August op a schéngt grouss a gëllen um Horizont - perfekt fir Fotoen.

D'lescht Joer war am August de "bloe" Supermound ze gesinn - e seelenen Himmelsspektakel, bei deem de Mound der Äerd besonnesch no kënnt an doduerch besonnesch grouss ausgesäit. Dëst Joer am Mäerz war iwwerdeem de "Bluttmound" ze gesinn an am Juni "Äerdbiermound".

De Phenomeen "Perseiden"

All Joer fënnt een tëscht Juli an August besonnesch vill Stäreschnäizen um Nuetshimmel. Den Héichpunkt erreechen dës dëst Joer an der Nuecht vum 12. August op den 13. August. Bei optimale Konditiounen ass dann esouguer mat méi wéi 100 Stäreschnäize pro Stonn ze rechnen.

Beim Phenomeen mam Numm "Perseiden" handelt et sech ëm eng Weltraum-Wollek mat Stécker vum Koméit 109/Swift-Tuttle, deen 1862 entdeckt gouf. Mat engem Duerchmiesser vu 26 Kilometer ass de Komet e Gigant. D'Äerd daucht all Joer op senger Ëmlafbunn ëm d'Sonn a seng Stëbswollek an. D'Partikel, déi esou grouss si wéi eng Spéngel, trieden da mat enger Vitess vu méi wéi 215.000 Stonnekilometer an d'Äerdatmosphär an. Honnerte Kilometer iwwer der Äerduewerfläch verglousen d'Partikel a liichten dobäi deels extreem hell.

Wéini gesinn ech d'Stäreschnäizen am beschten?

Am meeschte Stäreschnäize kann een an der Nuecht vum 12. op den 13. August tëscht 1 a 5 Auer gesinn. Fir eng ideal Vue ze hunn, soll ee sech op däischteren, ländlechen Zone placéieren an a Richtung Nordoste kucken. Well si esou hell liichten, sinn d'Perseide mam bloussen A ze gesinn.

6-Planéitekonstellatioun um Moieshimmel

Um Moie vum 10. August kënnen Astronomie-Begeeschterter eng seele 6-Planéitekonstellatioun kucken. Ongeféier eng Stonn virum Sonnenopgang wäerte véier Planéiten - Merkur, Venus, Jupiter a Saturn - mat bloussem A ze gesi sinn. Den Uranus an den Neptun wäerten och an der Géigend sinn, kënnen awer just mat enger Spektiv oder engem klengen Teleskop gesi ginn.

RTL

© Vito Technology, Inc.

Wéini gesinn ech d'Planéitekonstellatioun am beschten?

Fir d'Konstellatioun ze gesinn, muss ee virum Sonnenopgang a Richtung ëstlechen a südlechen Himmel kucken. A well ëm déi Zäit och schonn de Phenomeen vun de Perseiden amgaangen ass, kann et sinn, datt nach e puer Stäreschnäize laanscht d'Planéite fléien.

Venus beim Jupiter um Moieshimmel

Um Moie vum 12. August sinn iwwerdeem d'Venus an de Jupiter um ëstlechen Himmel extreem no beieneen ze gesinn. D'Konstellatioun, déi ausgesäit wéi en duebele Planéit, steet ongeféier eng Stonn virum Sonnenopgang déif iwwer dem Horizont a ka mat bloussem A gesi ginn. Mat engem klengen Teleskop kéint ee souguer d'Mounde vum Jupiter a seng charakteristesch Sträifen erkennen.