Educatioun ënner Drock
E Samschdeg war d'Schoul Thema an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.
D'Schoul ass ferm ënner Drock, dat ass an der Emissioun Background däitlech ginn. Déi vill Acteuren - vun den Enseignanten, iwwer d'Kompetenzzenter, dem Ministère, bis bei d'Elteren - mussen un engem Strang zéien. Fir d'Wuel vum Kand. Op d'mannst doranner ware sech eis Invitéeën eens. Ma de Wee dohinner wier net ëmmer evident, huet et vun der Presidentin vum Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft vum OGBL, der Joëlle Damé, geheescht. D'Enseignanten hätten dacks d'Gefill vu "Machtlosegkeet".
Et sinn deels dramatesch Situatiounen, déi sech an de Schoulen ofspillen, sot d'Joëlle Damé e Samschdeg de Mëtteg um RTL-Mikro, mam Bléck op eng rezent Etüd. Aus dëser geet zum Beispill ervir, dass 37 Prozent vun den Enseignante sech emotional ausgebrannt fillen. Rieds ass och vu Burnout. Als ee vun de Grënn dofir huet d'Gewerkschaftlerin d'Inklusioun genannt. "D'Schoul stéisst un hir Grenzen, wat d'Inklusioun ugeet."
Dat dierft een net generaliséieren, esou de President vum Collège des directeurs vun de Kompetenzzenteren, den Alex Kockhans. An engem präventive Sënn géing och gekuckt ginn, fir den Enseignant dorop virbereeden, fir den Drock erauszehuelen. Och hie géing schwiereg Situatioune kennen. De Schlëssel wier awer, duerch geziilt Kommunikatioun Problemer fréi ze erkennen.
Et sollt reell a konkret ënnersicht ginn, wat Enseignanten da bräichten, fir zum Beispill aus dem Burnout erauszekommen, esou d'Entwécklungspsychologin Pascale Engel de Abreu. Leit, déi sech iwwerfuerdert fillen a sech a Risiko gesinn, e Burnout ze maachen, gesinn dacks all weider Punkte méi negativ wéi se sinn.
Ginn et Waardelëschte fir an e Kompetenzzenter?
D'Virbereedung vun den Enseignante wier wuel gutt, an et wieren och net d'Kanner mat engem Handicap, déi d'Enseignanten un hir Limitte géife bréngen, mee éischter gewësse Verhalensstéierungen, déi sech besonnesch aggressiv weisen, präziséiert d'Joëlle Damé vum OGBL. Si nennt d'Beispill vu Schéieren oder esouguer Bänken, déi duerch de Klassesall fléien. E grousse Problem wier, dass et dacks vill ze laang géif daueren, bis d'Kanner eng Hëllefsstellung kéinte kréien. Et wier och net wouer, dass et keng Waardelëschte géif, wéi de Minister Claude Meisch an der Äntwert op eng Parlamentaresch Fro sot, well et kéim duerchaus vir, dass Enseignante gesot kréien, dass de Centre Thérapeutique (CDSE) voll wier, esou d'Enseignante Joëlle Damé.
Dës Prozedur sollt onbedéngt méi séier goen, confirméiert och d'Entwécklungspsychologin Pascale Engel de Abreu. D'Aarbecht mat Mënsche géing awer ëmmer mat sech bréngen, dass gewëssen Ëmstellungen eng Zäit daueren. Besonnesch mat Kanner misst ee sech Zäit huelen a kucken, ob eng Method gräift oder net. Méi Ressourcë fir déi Fuerschung ze maachen a Phenomener kënnen ze erkennen, wieren an deem Sënn wichteg, esou d'Entwécklungspsychologin.
Den Alex Kockhans huet erkläert, dass et geziilt Ekippen um Terrain gëtt, déi och schonn an de Klassen intervenéiere kënnen. Dowéinst wier et net esou, dass ee vu Waardelëschte kéint schwätzen. Net all Kand sollt esou séier et geet an e Kompetenzzenter kommen, betount hien, mee et géing éischter versicht ginn, an der Klass mam Kand ze schaffen, fir dass et kann a senger normaler Schoul bleiwen.
"Dat ass kee seriöt Schaffen"
D'Ressourcen um Terrain géife schonn all voll a ganz genotzt ginn, esou d'Gewerkschaftlerin an Enseignante Joëlle Damé. Mee dat géing net duergoen, respektiv géing d'Hëllef net do ukommen, wou se gebraucht gëtt. Fir d'Léierin huet dat grave Konsequenzen. Si bedauert, dass iwwer een Drëttel vun den Enseignanten am Fondamental géingen zécken, Kanner mat Verhalensopfällegkeeten ze mellen, well si sech géife soen, dass dat nëmmen zousätzlech Aarbecht bréngt, et ze laang dauert an d'Kanner dann awer net déi Hëllef kréichen, déi si brauchen.
Dobäi kéim, dass zum Beispill Kanner, déi vum Zenter fir sozio-emotional Entwécklung an hirer Klass suivéiert ginn, dacks kee Lien zu enger Bezuchspersoun kéinten opbauen. Dat well dat spezifescht Personal, dat fir d'Betreiung an d'Klass kënnt, zum Deel net géing ersat ginn, wann et duerch eng Reunioun ewechfält. Fir e Kand mat enger emotiver Stéierung wier dat immens schlëmm, wann d'Betreiung ausfält oder keng Relatioun mat der Educatrice oder dem Educateur kann opgebaut ginn. Och d'Personal aus de Kompetenzzenter géing soen, dat wier kee seriöt Schaffen, esou d'Joëlle Damé. Fir d'Inklusioun missten och déi néideg Ressourcen um Terrain do sinn, soss géing d'Léierpersonal aus der Reegelschoul am Endeffekt awer eleng mat all de Schwieregkeeten zeréckbleiwen.
Et feelt un Zuelen
Fir eng Léisung ze fannen, misst differenzéiert ginn a méi genee gekuckt ginn, ëm wéi eng Kanner et sech handelt a wéi eng Schrauwe geziilt musse gedréint ginn, esou d'Entwécklungspsychologin Pascale Engel de Abreu. Si bedauert och, dass et keng detailléiert Zuele ginn. Aus der Vue vun der Wëssenschaft wier dat immens wichteg, fir ze gesinn, wéi vill Kanner mat Verhalensstéierungen et gëtt a wou dës Schwieregkeeten eventuell hierkommen. Doriwwer eraus kann och net gesot ginn, ob et wierklech méi Kanner mat Verhaalenopfällegkeete ginn, oder ob dat just esou géing wouergeholl a gesot ginn.
Am Ministère géingen d'Zuele gesammelt ginn an et géing konstant an Zesummenaarbecht gekuckt ginn, wéi ka weidergeschafft ginn. Mee Zuelen, wéi vill Kanner mat Verhalensstéierungen et gëtt, huet och de Ministère den Ament effektiv net, confirméiert den Alex Kockhans vun de Kompetenzzenteren.
Mat Zuele kéint een och d'Ausbildung an d'Weiderbildung vun den Enseignante besser adaptéieren, esou d'Pascale Engel de Abreu. Der Entwécklungspsychologin no kéint een zum Beispill méi an der Traumabewältegung schaffen oder d'Enseignanten éischter virbereeden, fir mat Kanner, déi zum Beispill en aggressiivt Verhalen opweisen, ze schaffen.
D'Elterenaarbecht muss ausgebaut ginn
A verschidde Fäll géing och d'Relatioun mat den Elteren d'Enseignanten un hir Limitte bréngen. Do wier et besonnesch schwéier, wann een d'Gefill hätt, dass et dem Kand géing schlecht goen, mee et kéint een näischt ännere well d'Elteren net matzéien oder si d'Kompetenz vum Léierpersonal a Fro stellen. Do wier et wichteg, dass d'Enseignanten d'Ënnerstëtzung vum Ministère hannert sech spieren. An dat wier awer net ëmmer de Fall, bedauert d'Joëlle Damé vum OGBL.
D'Elterenaarbecht misst dowéinst och an der Grondausbildung méi ugeschwat ginn, esou d'Entwécklungspsychologin Pascale Engel de Abreu. Dacks wier d'Verhale vun de Kanner och e Spigelbild vu sengem Ëmfeld. Dat alles soll an d'Formatioun agebaut ginn, fir dass och jonk Enseignante vu vir era léieren, domadder ëmzegoen.
Wann et engem Kand net gutt geet, wier d'Léisung awer net just an der Schoul ze sichen, betount de President vum Collège des directeurs vun de Kompetenzzenteren, den Alex Kockhans. Et ginn och Servicer, déi geziilt d'Elteren uschwätzen. Et wier e gesamt-gesellschaftlechen Optrag.
Dat géing donieft och fir de Gebrauch vum Handy gëllen. Och wann an der Grondschoul e Verbuet kënnt, wier et och un den Eltere, fir mam gudde Beispill virzegoen.
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.