"Mir hunn nees Schwong dra bruecht"
E Samschdeg war de Premier Invité an der Emissioun "Background am Gespréich".
Den CSV-Premier Luc Frieden ass zefridde mat der Aarbecht vu senger Regierung bis elo, no engem Joer Frieden-Bettel I hu mir am Background en éischte Bilan mam Regierungschef gezunn. Déi éischt puer Méint hätte besonnesch déi nei Ministere sech nach missen eraschaffen, ma an de leschten 9 Méint wier awer vill geschafft ginn. Et hätt een et fäerdegbruecht, nees e bësse Schwong an d'Wirtschaft an an de Wunnengsbau ze bréngen an d'wirtschaftlech Previsioune fir d'nächst Joer wiere besser wéi an den Nopeschlänner. Eng staark Wirtschaft wier wichteg fir d'Sozialpolitik. De Premier huet ervirgestrach, datt ganz vill Leit d'nächst Joer géingen 10 bis 15 Prozent manner Steiere bezuelen.
De Luc Frieden war formell, datt d'Gewerkschaften exklusiv d'Verhandlungsrecht fir d'Kollektivverträg sollen halen. Hie wéilt awer doriwwer schwätzen, ob een an de Kollektivverträg an de leschten Detail misst goen. Dat wier d'Positioun vun der ganzer Regierung an net just vun engem Minister.
No der Nouvelle, dass 80 Aarbechtsplaze bei der Satellittegesellschaft SES a Gefor sinn, sot de Premier, d'SES hätt eng laangfristeg Zukunft zu Lëtzebuerg. Et hätt ee vun der Direktioun gesot kritt, datt ëmmer e puer Honnert Leit zu Lëtzebuerg géinge bleiwen. Betriber wéi d'SES wieren awer ëmmer méi ënner Drock, besonnesch och elo duerch d'Roll vum Elon Musk an der US-Regierung, a misste sech adaptéieren. Ob d'Regierung sech wäert fir e Plan de maintien dans l'emploi bei der SES asetzen, dozou wollt de Luc Frieden sech net festleeën.
Den CSV-Premierminister ass der Meenung, datt an de leschte Joren net genuch iwwert d'Kanneraarmut zu Lëtzebuerg geschwat gi wier. Eréischt seng Regierung hätt dat zum Thema gemaach, well dat de Ministeren déi selwer och zum Deel Eltere wieren um Häerz géing leien. De grousse Plang fir d'Aarmutsbekämpfung géing am Laf vum nächste Joer presentéiert ginn. D'Regierung hätt awer och elo scho Mesuren an deem Sënn ëmgesat an annoncéiert, de Luc Frieden huet hei notamment ervirgestrach, datt en Automatismus fir verschidden Hëllefen ze kréie soll kommen.
Och wann den Energiepräisdeckel d'nächst Joer op d'Hallschent reduzéiert gëtt, wieren Hëllefe wéi d'Energieprimm gehéicht ginn a méi sozial selektiv ginn, wat méi gerecht wier. De Prefinanzement vu Photovoltaik-Anlage géing am éischte Semester d'nächst Joer kommen, onofhängeg vum Energiedësch deen am Abrëll Propositioune virleeë soll. Hien hätt grousst Vertrauen an de bon sens vun de Leit déi zu Lëtzebuerg wunnen, fir mat op de Wee vun der Energiewend a vum Klimaschutz ze goen. Dat géing vläicht méi lues goen, awer hien hätt léiwer et géing méi lues goen an d'Leit wieren averstanen, wéi dass sech géint Mesurë gewiert géing ginn.
Zu enger méiglecher Pensiounsreform sot de Luc Frieden, d'Regierung géing an der éischter Hallschent vum nächste Joer Propositiounen op den Dësch leeën, fir déi een e Konsens wéilt fannen dee sou breet wéi méiglech wier.
Nodeems e Freideg bekannt gouf, datt d'Spuerkeess eng Strof vu ronn 1,7 Milliounen Euro wéinst Feeler beim Reporting vun der EZB-Bankesurveillance krut, sot de Luc Frieden, hie géing den Detail net kennen, mee hien hätt d'Kommunikatioun vun der Spuerkeess zur Kenntnis geholl, datt noutwenneg Ännerunge geholl gi wieren, an datt d'Avoire vun de Clienten net a Gefor gewiescht wieren. D’Reegelwierk ronderëm d’Banke wier komplex an do kéint et zu ënnerschiddlechen Interpretatioune kommen.
Dës Woch huet d'Mammepartei vun der CSV am Europaparlament EVP - ouni d'Stëmme vun der CSV - zesumme mat der Extrême droite iwwert eng Verlängerung vun engem manner strenge Schutz vun de Bëscher ofgestëmmt. De Luc Frieden sot dozou, hie wier géint Koalitioune mat extreme Parteien a wier och grondsätzlech der Meenung, datt ee mat Extremen näischt maache sollt. Et kéint senger Meenung no awer mol op engem Projet sou sinn, datt een déi selwecht Meenung hätt, domat hätt ee seng Grondwäerter net opginn.
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.